Caunes-Minervois ass eng Stiedchen a Südfrankräich am Departement Aude, an der Regioun Occitanie. Caunes-Minervois läit um Fouss vum Biergmassiv Montagne Noire; duerch d'Uertschaft fléisst den Argent-Double, en Zoufloss vun der Aude.

Caunes-Minervois
{{{Bildtext}}}

{{{Bildtext}}}
Land Frankräich
Regioun Occitanie
Departement Aude
Arrondissement Carcassonne
Kanton Haut-Minervois
Postcode 11160
Gemengecode 11081
Koordinaten 43° 19’ 39’’ N
      02° 31’ 44’’ O
Fläch  2 720 ha
Bevëlkerung  1 660 (2011)

Geschicht änneren

Caunes-Minervois ass ronderëm eng Benediktiner-Abtei entstanen déi géint 780 vum Paschtouer Anian gegrënnt gouf. Déi ursprénglech Karolengerkierch déi zerstéiert gouf, ass lues a lues – tëscht dem 11. a 14. Joerhonnert – mat de Gebaier ersat ginn, déi haut nach bestinn.

Industrie änneren

 

Caunes-Minervois gouf duerch seng Steebréch wou hellroude Marmer (marbre rouge incarnat) ofgebaut gouf, bekannt. Och wann d'Exploitatioun vum Marmer schonn an der Antiquitéit ugefaangen hat, sou koum et awer eréischt am 17. Joerhonnert zu enger méi wichteger Entwécklung. Sou goufen d'Saile vum Trianon am Schlass vu Versailles, vun der Opéra de Paris oder vum Arc de Triomphe aus Marmer vun der „Carrière du Roy“ gehaen.

De Marmer huet sech viru 400 Millioune Joer lues a lues am Häerz vun der „Montagne Noire“ entwéckelt. Déi hellrout Faarf vum Marmer kënnt dohir, well Eisenoxid am Kallek ass.

Zwéi Steebréch ginn haut nach exploitéiert: dee vu Villerambert an dee vun Terralbes. Déi zwéin, awer och d'„Carrière du Roy“ kann ee kucke goen.

Kuckeswäertes änneren

Abtei „Abbaye Saint-Pierre et Saint-Paul“ änneren

Kapell „Notre Dame du Cros“ änneren

No enger Seeche gouf e Kand wéi duerch e Wonner gesond, nodeems et Waasser aus enger Quell gedronk hat. Iwwer der Quell goufen als Undenken 3 Hellegestatuen opgeriicht a méi spéit (am 12. Joerhonnert) ass op der Gedenkplaz eng Kierch gebaut ginn. Déi gouf am 15. an duerno am 18. Joerhonnert renovéiert a mat Marmer dekoréiert.

D'Kierch läit ongeféier 1,5 km baussent der Uertschaft selwer.

Uertschaft änneren

  • Iwwerreschter vun de Festungsmaueren déi Caunes ëmginn hunn;
  • Mëttelalterlech Gaasse mat verschiddenen „Hôtels particuliers“ (hôtel de Sicard, hôtel d'Alibert, Hôtel de Tapié) mat Eckfënsteren;
  • Réimerbréck;

Skulpturen aus roudem Marmer änneren

  • Eng Serie vun ongeféier 20 Skulpturen aus dem Marmer vu Caunes-Minervois sinn am Duerf verdeelt

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Caunes-Minervois – Biller, Videoen oder Audiodateien