D'Schlass vu Versailles, zu Versailles, am Departement Yvelines a Frankräich ass eng al kinneklech Residenz, 16 Kilometer süd-westlech vu Paräis, a Frankräich. Zum Schlass vu Versailles gehéieren d'Schlass selwer, de groussen an de klengen Trianon, de Grand Canal, de Parc vum Schlass an eng Sammlung vun ongeféier 60.000 Wierker aus 5 Joerhonnerten. Mat Ausnam vun der Régence tëscht 1715 a 1723, war d'Schlass vum 6. Mee 1682 bis de 6. Oktober 1789, d'Haaptresidenz vun de franséische Kinneke Louis XIV., Louis XV. a Louis XVI.

Versailles

Versailles ënner dem Louis XIII.

änneren

Knapps 20 Kilometer vu Paräis ewech huet de franséische Kinnek Louis XIII. an de Joren 1623-1624 op engem Hiwwel zu Versailles, wat knapps méi wéi e klengt Duerf ass, sech e Juegd-Schlass baue gelooss. Den Architekt war den Nicolas Huau.

Tëscht 1631 a 1634 gouf dee klenge Pavillon de chasse vum Architekt Philibert Le Roy ausgebaut, an de Kinnek huet vum Jacques de Menours e Gaart uleeë gelooss.

Am Géigesaz zu deem, wat Versailles wäert ginn, huet de Louis XIII. sech dohin zeréckgezunn, an huet weeder Haff nach Famill a sengem klenge Juegdschlass akzeptéiert. Hie plangt, sech do zur Rou ze setzen, mä dozou kënnt et net méi well de Louis XIII. 1643 stierft a säi Jong sech duerno ëm Versailles këmmert.

 
Gäert vum Schlass vu Versailles

Versailles ënner dem Louis XIV.

änneren

Dem Louis XIV. säi Versailles ass e Schantje vun iwwer 50 Joer, an d'Aarbechte sinn nach am Gaang, wéi de Sonnekinnek den 1. September 1715 d'Welt verléisst. Dat huet virun allem mat de Kricher vum Louis XIV. ze dinn, an där gouf et der genuch wärend senger Herrschaft. An de kuerze Friddenszäiten ass sech geflass ginn, fir hei nach e Fligel an do nach e Weier unzeleeën, ier et nees zeréck un d'Front gaangen ass.

Nom Grand divertissement (1668) beschléisst de franséische Kinnek fir d'éischt Kéier, d'Anlag ze vergréisseren an ze verschéineren. De Fridden an d'Gonscht vun der Mme de Montespan maachen de Wee fräi fir eng Phas vu groussem Fast, am Stil vun enger italieenescher Summervilla (1668-1678). Den Architekt Le Vau ass mam Ëmbau beoptragt ginn. No sengem Doud (1670) iwwerhëlt den d'Orbay déi Charge, an de Charles Le Brun, éischte Moler, ass fir d'Dekoratioun zoustänneg.

De Ministère, den Haff an d'kinneklech Famill plënneren am Mee 1682 op Versailles, nodeem si vun 1666 un zu Saint-Germain-en-Laye gewunnt hunn. Dës Plënneraktioun ass virun allem dodrop zeréckzeféieren, datt et dem Louis XIV. säi Wonsch war, de Pouvoir op enger Plaz ze konzentréieren, fir datt de Kinnek ëmmer jiddwereen an alles am A konnt hunn.

Vum Louis XV. bis bei d'Revolutioun

änneren

Mam Doud vum Louis XIV. verschwënnt déi ganz "Mechanik" vu Versailles (Zeremoniell, Etikett) natierlech net, a bis 1789 reproduzéieren de Louis XV. a Louis XVI. déi selwecht Gesten op de selwechte Plaze wéi hir Virgänger, an zu Versailles leeft alles wéi zu Zäite vum Grand Roi weider.

De Louis XV. mécht sengem Urgrousspapp säi am selwechte Geescht fäerdeg, an de salon d'Hercule, de bassin de Neptune an d'Oper ginn dekoréiert.

Mam Louis XV. fänkt awer gläichzäiteg och eng aner Phas vum Liewen am Schlass un, an zwar gëtt dat Offiziellt méi kleng geschriwwe wéi beim Louis XIV. D'kinneklech Famill zitt sech ëmmer méi dacks an hir privat Appartementer zeréck. Dëst huet als Konsequenz datt sech den Adel ëmmer méi vu Versailles zeréck zitt, well do souwisou näischt Interessantes méi geschitt. Um Virowend vun der Revolutioun huet d'Aristokratie sech wäit vum Kinnek entfernt.

Am 19. Joerhonnert: Napoléon a Louis-Philippe

änneren

D'Revolutioun raumt Versailles zwar aus, mä d'Gebai selwer bleift stoen. D'Schlass gëtt an de kommende Joren e puermol restauréiert, als éischt vum Napoléon, du vun de Kinneken Louis XVIII. a Charles X.. Mä keen traut sech, nach eemol zeréck op Versailles ze plënneren. Sech do z'installéiere wir eng kloer Provokatioun déi an den Ae vun de Fransousen als Réckgank an den Ancien Régime kéint ugesi ginn. Wat soll also mat Versailles geschéien?

Pläng fir d'Schlass ganz ofzerappe leie schonn um Dësch, mä de Kinnek Louis-Philippe kann dat verhënneren. De Kinnek vun de Fransousen, an engem Geescht vun nationaler Reconciliatioun, transforméiert d'Ex-Kinneksresidenz an e Musée dédié à toutes les gloires de la France. D'Galeries historiques, déi 1837 opgemaach goufen, erzielen op monumental Aart a Weis d'Geschicht vu Frankräich, vu sengen Ufäng bis an d'Géigewaart.

 
d'Galerie des Glaces (Spigelsall)

Um Enn vum Däitsch-Franséische Krich, den 18. Januar 1871, gouf am Spigelsall de preisesche Kinnek Wilhelm I. zum Keeser vun Däitschland proklaméiert.

Vum 20. Joerhonnert bis haut

änneren

De 24. Juni 1919 gouf am Spigelsall vum Schlass den Traité vu Versailles ënnerschriwwen.

D'Schlass ass zu där Zäit an engem ganz schlechten Zoustand. No enger Visitt a Frankräich spent den John David Rockefeller Jr. eng grouss Zomme fir d'Schlass ze renovéieren, am Ganze 34 Millioune Franséisch Frang. Fir him Merci ze soen, krut d'Avenue virum Schlass den Numm Avenue Rockefeller.[1] No dësem Don stellt d'franséisch Regierung e Joresbudget vu 4 Millioune Franséisch Frang fir d'Schlass zur Verfügung.

D'Schlass vu Versailles ass dat meeschtbesicht Schlass a Frankräich, mat iwwer 8 Milliounen Visiteuren pro Joer. D'Schlass beschäftegt 900 Mataarbechter, déi sech em d'Erhalen vum Schlass, em d'Fleeg vum Parc oder em d'Visiteuren këmmeren.

Eng kleng Chronologie vum Schlass vu Versailles

änneren

Literatur zum Theema

änneren
  • Claire Constans, Versailles, château de la France et orgeuil des rois, Gallimard, Paräis, 1989.
  • Pierre Lemoine, Le château de Versailles, Albin Michel, Paräis, 1988.
  • Alfred Marie, Versailles au temps de Louis XIV, Imprimerie nationale, Paräis, 1968-1984.
  • Pierre Verlet, Le château de Versailles, Fayard, Paräis, 1985.
  • François Bluche, Dictionnaire du Grand Siècle, Fayard, Paräis, 1990.
  • Lucien Bély, Dictionnaire de l'Ancien Régime, PUF, Paräis, 2003.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Schlass vu Versailles – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. https://www.chateauversailles.fr/decouvrir/histoire/grands-personnages/john-rockefeller-jr