Haaptmenü opmaachen
D'Saturnréng mat hiren Nimm (Foto NASA). D'Encke-Deelung ass deen eppes méi donkle Beräich tëscht de Réng A an F. Tëscht A a B läit déi breet Divisioun vum Cassini.

Als Encke-Deelung oder Divisioun vum Enke gëtt eng kreesfërmeg eidel Plaz um baussenzege Rand vum A-Rank, dem zweethellste vun de Saturnréng, bezeechent. Si gouf 1837 vum Berliner Astronom Johann Encke entdeckt a goufen deemols op 300 km Breet geschat. No Miessunge vun de Voyager-Raumsonden 1980/81 sinn et 200 bis 330 km. Am Géigesaz zu der 20-mol méi breeder Cassini-Deelung ass si an Amateurteleskopen net méi z'erkennen, mä eréischt bei ongeféier 1000-facher Vergréisserung.

D'Encke-Deelung gëtt duerch Bunnstéierunge vun noe Saturnmounde verursaacht, wouduerch d'Partikelen aus deem Beräich no bannen oder baussen ewechdriften. Si läit 2.000 km vun der A-Baussekant ewech an 133.500 km vum Saturn-Mëttelpunkt. Hir Distanz vun der Wollekenuewerfläch vum Planéit ass 13.000 km.

Wéi de Voyager 2 vum Saturn ewechgeflu war, war grad eng Bedeckung vum Stär Delta Scorpii. Kontinuéierlech Hellegkeetsmiessunge weisen, datt an der Encke-Deelung zwéin dënn, exzentresch Réng leien. D'Onreegelméissegkeeten doran hu genee déi Ëmlafzäit vun 13,82 h, déi fir dee Beräich typesch ass.

LiteraturÄnneren

  • Patrick Moore et al.: Atlas des Sonnensystems, p. 332–333. Herder-Verlag, Freiburg-Basel-Wien 1985

Kuckt ochÄnneren