Casablanca (Arabesch: الدار البيضاء - ad-Dār al-bayḍāʾ) ass déi gréisste Stad a Marokko a läit südlech vun der Haptstad Rabat, direkt un der Küst vum Atlanteschen Ozean. An der Stad selwer liewen 3.269.962 Mënschen, an der Regioun Grand Casablanca, mat de Faubourgen, der 3.897.748 (2010).

Casablanca

Casablanca ass a 16 Arrondissementer ënnerdeelt.

Geschicht änneren

Ier d'Stad 1575 vun de Portugise besat gouf, déi se Casa Branca ("Wäisst Haus") genannt hunn, housch se Anfa, war vum 8. bis an d'12. Joerhonnert en Deel vum Berberräich, an dono eng Hafen- a Piratestad.

Casa Branca gouf 1755 vun engem schwéieren Äerdbiewen zerstéiert an e puer Joer drop als al-Dār al-bayḍāʾ (wat och "Wäisst Haus" heescht) vum Alaowidesultan Muhammad bin Abdallah nees opgebaut. D'Stad krut ëffentlech Bieder, eng Madrasa an eng Moschee, déi säin Numm krut.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert koume spuenesch Händler an d'Stad wunnen an hu se Casablanca genannt. Ëm 1900 hat se ronn 20.000 Awunner.

1907 hunn d'Fransousen no bluddege Kämpf an Dausende vun Doudeger d'Stad iwwerholl, a s'an de Joren dono zu der gréisster Hafestad vu Marokko ausgebaut, déi och am Zweete Weltkrich eng strateegesch wichteg Roll gespillt huet. Sou gouf do 1943 e brittesch-amerikanesche Sommet tëscht dem Franklin D. Roosevelt an dem Winston Churchill organiséiert, d'Konferenz vu Casablanca.

Haut si ronn 80 % vun der marokkanescher Industrie zu a ronderëm Casablanca etabléiert, ronn 60 % vum Handel iwwer d'Mier lafen iwwer den Hafe vun do.

Ekonomie änneren

Educatioun änneren

Kuckeswäertes änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Casablanca (Stad) – Biller, Videoen oder Audiodateien