Carmen Ennesch

lëtzebuergesch Journalistin

D'Carmen Ennesch, gebuer den 22. Mee 1902 zu Forst (haut e Quartier vun Oochen), a gestuerwen den 19. Februar 2000 zu Paräis, war eng lëtzebuergesch-franséisch Journalistin, an déi éischt lëtzebuergesch Journalistin.

Carmen Ennesch
Gebuer 22. Mee 1902
Forst
Gestuerwen 19. Februar 2000
Paräis
Nationalitéit Lëtzebuerg, Frankräich
Educatioun Lycée Robert-Schuman
Aktivitéit Journalist, Historiker
Member vun Société des écrivains luxembourgeois de langue française
Famill
Papp Alfons Ennesch

Liewen a Karriär

änneren

D'Carmen Ennesch war d'Duechter vum Ingenieur a Schrëftsteller Alphonse Ennesch.[1] No hirer Première am Stater Meedercherslycée, 1921, huet si fir Diplomkauffrau Ekonomie an Droit an Eisträich, Däitschland an an der Belsch studéiert, an dee Studium zu Frankfurt am Main mat enger Aarbecht iwwer de Paie-Systeem vun de Bierg- a Schmelzaarbechter ofgeschloss. 1925 huet si zu Lille an dat Joer drop zu Bréissel gelieft.

Si huet sech 1926 mam Fransous Pierre Paul Desmulie bestuet an ass mat him 1939 op Paräis geplënnert, wou si viru geschafft huet.

Vum Enn vun den 1920er Joren un huet si als Journalistin geschafft. Vun 1932 bis 1990 war si Korrespondentin vum Escher Journal an dono vum Tageblatt a vun 1934 un, vun der La Dépêche du Midi zu Toulouse. Hir Artikelen iwwer politesch, geschichtlech a feministesch Sujeten huet si och an e puer Paräisser Zeitungen, der Saarbrücker Zeitung, de Cahiers d'études cathares, Die Luxemburgerin, L'Action féminine, Luxembourg, Journal des professeurs, L'Ere nouvelle, dem belsche Le peuple oder Les Cahiers luxembourgeois publizéiert. Ausserdeem huet si Emissioune fir Radio Lëtzebuerg a France Culture gemaach.

Hir Haapt-Sujeten als Journalistin an Auteurin waren de Feminismus, de Sozialismus, d'Katharer, souwéi politeschen a sozialen Engagement. Si huet Biographien iwwer d'Rosa Luxemburg an d'Vittoria Colonna publizéiert. Déi iwwer d'Odette de Champdivers koum 1933-34 a Fortsetzungen an der Femmes d'aujourd'hui eraus.

An hire Studien La Personnalité de la femme dans la conception socialiste (1932), an Aux sources du féminisme (1934), huet si d'Entstoe vu feministesche Beweegunge beschriwwen.[2]

Hirt éischt Buch, Au-dessus du ressentiment franco-allemand, (1932) huet fir e Rapprochement tëscht Frankräich an Däitschland plaidéiert, fir déi se sech mat hirer Frëndin Andrée Mayrisch agesat huet. Émigrations politiques d'hier et d'aujourd'hui (1946) huet sech mat verschiddenen Zorte vun Emigratioun befaasst, a Mosaïque bulgare war, iwwer e Reesbuch eraus, eng ekonomesch Analys an eng Etüd vum Bogomilistesche Glawen.

Iwwer d'Katharen huet si zwee Bicher geschriwwen, L'Épopée albigeoise (1961)[3] a Les Cathares dans la cité (1969), déi zesummen 1985 ënner dem Titel De l'épopée albigeoise aux Cathares parmi nous (1985) eraukoumen.[4]

Si war Member vun der SELF.

2002, fir hiren 100. Gebuertsdag, hunn d'Nationalarchiven, deene se hir Texter an hir Bibliothéik vermaach hat, an enger Ausstellung mam Titel Carmen Ennesch: la présentation d'un legs: le fonds Carmen Ennesch FD 111 u si erënnert.[5]

Wierker

änneren
  • Au-dessus du ressentiment franco-allemand, 1932
  • La Vie et la Mort de Rosa Luxembourg, 1935
  • Émigrations politiques d'hier et d'aujourd’hui, 1946
  • La Vie comblée de Vittoria Colonna. La grande inspiratrice. L'unique amour de Michel-Ange, 1947
  • L'Épopée albigeoise, 1961
  • Les Cathares dans la cité, 1969
  • Mosaïque bulgare. Impressions d'un pays socialiste, 1970
  • De l'épopée albigeoise aux Cathares parmi nous, 1985

Referenzen

änneren
  1. Quell, wou net anescht uginn: Nicole Sahl: Carmen Ennesch. autorenlexikon.lu, nogekuckt: 07.05.2024.
  2. Renée Wagener: "Carmen Ennesch: Aux sources du féminisme luxembourgeois." woxx.lu, 26. Juli 2002 (nogekuckt 07.05.2024).
  3. Daniel Walther: "A Survey of Recent Research on the Albigensian Cathari." In: Church History 1965, Band 34, Nr.2, S.177.
  4. Ennesch, Carmen. De l'épopée albigeoise aux Cathares parmi nous. Éd. d'Aujourd'hui, 1985.
  5. FD-111 Fonds Ennesch Carmen, 1902-2000 (Fonds) op an.etat.lu (nogekuckt 07.05.2024).