Camille Pauly

lëtzebuergeschen Auteur a Politiker

De Camille Pauly, gebuer den 23. September 1923 zu Dippech[1] a gestuerwen den 28. Abrëll 1969 zu Esch-Uelzecht[2], war e lëtzebuergesche Resistenzler, Politiker (LSAP) an Auteur.[3]

Camille Pauly
Gebuer 23. September 1923
Dippech
Gestuerwen 28. Abrëll 1969
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Schrëftsteller, Politiker
Partei LSAP

Liewen a Karriär änneren

No der Primärschoul zu Dippech ass de Camille Pauly an de Stater Kolléisch gaangen wou hie kuerz virun der däitscher Invasioun d'Première gemaach huet.[1]

Wéi hien no dräi Méint Arbeitsdienst d'Wehrmachtsuniform net wollt undoen koum hien 1942 an de Gronn an de Prisong. Duerno huet hie wärend 16[3] (eng aner Quell seet 15[1]) Méint am Ënnergrond gelieft.[3]

Duerno war hie bal e Joer fir de Counter Intelligence Corps vun der amerikanescher Arméi zu Lëtzebuerg, an der Belsch an an Däitschland aktiv.[3]

1945 gouf hie vun der HADIR zu Déifferdeng agestallt wou hien 1960 Chef am Büro vun der Krankekeess gouf.[3]

De Politiker änneren

Vun 1963 bis zu sengem Doud 1969 war hie Member am Gemengerot vun der Gemeng Déifferdeng.[1]

Nom Doud vum Déifferdenger Buergermeeschter Jean Gallion ass hien am Oktober 1968 an d'Chamber nogeréckelt an huet dat Mandat bis zu de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 behalen.[1]

Den Auteur änneren

De Camille Pauly war och als Auteur vun Theaterstécker aktiv.

Zu senge Wierker zielen:

  • Ons Jongen, Theaterstéck iwwer zwangsrekrutéiert Zaldoten an der däitscher Arméi
  • D'Le'ft op Ëmwéen, Operett vertount vum Pol Albrecht.
  • De Chef vun der "V" Grupp,
  • En treie Kniècht,
  • Schwe'er Stonnen,
  • D'Nina,
  • Et wor am sche'ne Mé,
  • D'Famille Lann.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. Luxembourg, La mémoire socialiste, 329 p. (Camille Pauly: S. 149).
  2. (fr)Doudesannonce vum Camille Pauly. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (30. Abrëll 1969). Gekuckt de(n) 2023-04-21.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 (de)Goetzinger, Germaine, Camille Pauly. Luxemburger Autorenlexikon. CNL (23 November 2022). Gekuckt de(n) 2023-04-21.