CFL 2400
D'CFL-Serie 2400 ass eng Serie Rei vun elektreschen Automotricë vun der CFL. Et handelt sech ëm de Modell Coradia Stream High Capacity vum Zuchconstructeur Alstom[1].
![]() Eng Automotrice vun der Serie 2400 op der Innotrans 2022 | |
Baureiebezeechnung | Coradia Stream |
---|---|
Bedreiwer | CFL |
Numeréierung |
2401 bis 2422 2451 bis 2462 |
Besteet aus |
3 Këschten 6 Këschten |
Stéckzuel |
22 12 |
Statut | A Bestellung (Testphas) |
Technesch Detailer | |
Ass en(g) | elektresch Automotrice |
Spuerbreet | Normalspuer |
Déngschtmass |
160 t 300 t |
Längt iwwer Puffer |
82,00 m 160,6 m |
Héchstvitess | 160 km/h |
Zuchsécherungs- System(er) |
![]() ![]() |
Homologéiert fir |
![]() ![]() ![]() |
Den Autorail gouf am September 2022 op der Berliner Fachfoire InnoTrans virgestallt.[1] Déi éischt Ramm vun am Ganze 34 gouf de 5. Januar 2023 op Lëtzebuerg geliwwert. Déi aner kommen an de Méint dono no a sollen 2024 um CFL-Reseau agesat ginn, virun allem op der Nordstreck, ma och op de Linnen a Richtung Athus, Arel a Lonkech.[2]
Si hunn zwéi Stäck, an d'Ramme sinn 80 oder 160 m laang. Vun de Kuerze goufen der 22 bestallt, vun de Laangen der 12.
Als Neierunge gëtt et do ë. a. en automatesche System fir Passagéier ze zielen, an den Asaz vun der ATO-Technologie (Automated Train Operation), déi et z. B. erlaabt, d'Vitess automatesch unzepassen[1].
D'2400er Serie soll successiv d'Gefierer vun der Serie Z2/CFL 2000 ersetzen, déi zanter den 1990er Joren am Asaz sinn.
Um Spaweck Änneren
Commons: CFL Class 2400/2450 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- CFL 2400 op rail.lu
- Pressecommuniqué vum 20.09.2022 op cfl.lu.
Referenzen an Notten Änneren
- ↑ 1,0 1,1 1,2 "Neuer CFL-Triebwagen zeigt sich erstmals." wort.lu, 20.09.2022.
- ↑ Dustin Mertes: "Erster Coradia-Triebwagen in Luxemburg angekommen." wort.lu, 09.01.2023.