CC 6500
Nummeréierung: 6501-6578
Stéckzuel: 78
Constructeur: Alstom
Baujoren: 1969–1975
Ausmusterung: 2007
Achsformel: Co'Co'
Déngschtmass: 118 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 20.019 mm
Héchstvitesse: 160 km/h / 200 km/h
Stroumsystemer: 1,5kV Gläichstroum
Leeschtung: 5900kW

D'Lokomotiven aus der Serie CC 6500 sinn Elektrolocke vun der SNCF vun deenen tëscht 1969 an 1975 78 Maschinne gebaut goufen.

Allgemenges änneren

  • Wéinst där charakteristescher Form vun de Fënsteren an der Wölbung direkt dorënner, haten d'6500er séier de Spëtznumm Nez cassé, also gebrachen Nues. Deen Design hat sech de franséischen Designer Paul Arzens fir d'CC 40100 afale gelooss.
  • Et gëtt 6500er a 4 verschiddene Livréeen: Bëtong, Fret, "Maurienne Gréng" an TEE.
  • Bis 1976 gouf et op der Streck Chambéry - Modane keng Catenaire, mä eng drëtt Schinn. D'Maschinne mat den Nummeren 6539 bis 6559 waren dowéinst mat engem Schléifstéck ekipéiert iwwer dat de Gläichstroum konnt opgeholl ginn.

Historique änneren

D'6500er si mat hire 5900 kW déi stäerkst elektresch Lokomotiven déi d'SNCF jee hat. Um Ufank vun hirer Karriär hunn d'6500er um Gläichstroumreseau vun der SNCF tëscht Paräis an dem Süde vu Frankräich operéiert. An den 1970er Jore waren dat d'Strecken op Lyon, Marseille, Toulouse a Bordeaux. Tëscht Paräis an Toulouse konnten d'6500er plazeweis mat 200 km/h fueren. Op de Strecken am Südwesten a Südoste kommen och 6500er an den Asaz, mä do gi se vun eelerem Material ënnerstëtzt.

Vun den 1980er Joren un, gëtt eng Streck fir héich Vitessen tëscht Paräis a Lyon gebaut, déi duerno bis Marseille verlängert gouf. Op där fueren zanterhier nëmmen TGV. Wéi 1990 och tëscht Paräis a Bordeaux sou eng Streck gebaut gouf, goufen d'6500er ëmmer méi dacks mat TER Zich op mëttellaangen Distanzen agesat. Den Asaz vun TGV-Zich rentéiert sech op deenen Distanzen net. Nëmmen den Trafic iwwer Toulouse op Irun a Cerbère gouf deen Ablack haaptsächlech vu 6500er gedroen. Mam Bau vun de Serië 26000 a 7200 kommen d'6500er Enn vun den 1990er Joren an de Gidderberäich, eng Handvoll Maschinne kënnt op Lyon fir virun den TER-Zich vun der Regioun Rhône-Alpes agesat ze ginn. Wéi 2007 d'Serie definitiv ausgemustert gouf, waren nach 4 Maschinnen ënnerwee. Haut existéieren nach 9 Maschinnen. Nëmmen d'Maschinn mat der Nummer 6570 ass nach asazbereet.

Um Spaweck änneren

Commons: SNCF Class CC 6500 – Biller, Videoen oder Audiodateien