CC 40100
Nummeréierung: 40101 - 40110
Stéckzuel: 10
Constructeur: Alstom
Baujoren: 1964: 40101 - 40104
1969:40105-40110
Ausmusterung: 1996
Achsformel: Co'Co'
Déngschtmass: 109,6 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 20030 mm
Héicht:
Maximal Achselaascht
Héchstvitesse: 160 km/h/ 220 km/h
Stroumsystemer: 1,5 Gläichstroum
3kV Gläichstroum
15kV Wiesselstroum
25kV Wiesselstroum
Leeschtung: 3.670 kW (40101-40103)

4.480 kW (40104-40110)

D'CC 40100 war eng Serie vun 10 Lokomotiven déi d'SNCF an de Joren 1964 an 1969 bei der Firma Alstom bestallt huet. Si ware geduecht fir d'TEE Zich tëscht Paräis an den europäeschen Nopeschlänner ze zéien. Si hate 4 verschidde Pantographe fir kënnen ënner de véier Haaptspannungssystemer an Europa ze zirkuléieren a ware gréistendeels baugläich mat der Serie 18 vun der SNCB.

Asaz änneren

D'CC 40100 waren als Universallokomotive geduecht fir kënne mat TEE Zich duerch ganz Westeuropa ze fueren. Verschidden technesch Problemer, dacks awer och einfach d'Sturheet vun den aneren nationalen Eisebunnsgesellschaften, hunn en Asaz vun de Lokomotiven a ville Länner fir déi se virgesinn waren, verhënnert.

Tester an Däitschland an an der Schwäiz hu gewisen datt d'Maschinnen ënner 15kV 16 ⅔Hz Problemer haten, an dofir weeder déi däitsch Bundesbahn, nach déi Schwäizer SBB d'Maschinnen op hirem Reseau zougelooss hunn. Dowéinst konnt de 15kV an den 1970er Joren ausgebaut ginn, wat d'Maschinnen zu 3-System Lokomotive gemaach huet.

Mä a Wierklechkeet sinn d'CC40100 ni am kommerzielle Service ënner 1500 Volt ënnerwee gewiescht. Fir de franséische Gläichstroumreseau gouf et deemools scho spezialiséiert Lokomotiven, zum Beispill d'CC 6500 a fir den hollännesche Reseau hunn hinnen déi néideg Autorisatioune gefeelt.

D'CC 40100 sinn haaptsächlech mat TEE a spéider EuroCity Zich tëscht Paräis an der Belsch ënnerwee gewiescht. Obwuel se nëmmen op engem, am Verglach zum Terrain fir deen se geduecht waren, klenge Streckendeel gefuer sinn, hunn d'CC 40100 impressionant Zuele realiséiert. Wéi d'CC 40104 den 3. Juni 1996 ausgemustert gouf, hat se 7'465'470 km um Bockel.

Technik änneren

D'CC 40100 haten am Ufank 4 Pantographe fir déi 4 Haaptspannungssystemer an hunn 1969 déi gefrot Gabariten a Frankräich, Däitschland, Holland, der Schwäiz, der Belsch, Éisträich, Italien an zu Lëtzebuerg respektéiert.

Pantographe vun enger CC 40100
Positioun um Dach* 1 2 3 4
Elektresch Spannung 15 kV ~ 3 kV = 1,5 kV = 15 kV ~ 25 kV ~ 3 kV =
Gesellschaft SBB SNCB
CFL
SNCF
NS
DB
ÖBB
SNCF
CFL
FS
Schläifsteck Einfach Duebel Einfach Einfach
Breet vum Schläifsteck 1320 mm 1950 mm 1950 mm 1450 mm
*: Reiefolleg vum Poste de Commande 1 aus gesinn.