Bussang
Bussang ass eng franséisch Gemeng am Departement Vosges an der Regioun Grand Est.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Vosges | ||||
Arrondissement | Épinal | ||||
Kanton | Le Thillot | ||||
Postcode | 88540 | ||||
Gemengecode | 88081 | ||||
Koordinaten | 47° 53’ 11’’ N 06° 51’ 15’’ O | ||||
Fläch | 2 763 ha | ||||
Bevëlkerung | 1 439 (2014) |
D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.
Geographie
ännerenBussang läit um südëstleche Wutz vu Loutrengen op der Grenz mam Elsass um Fouss vum Drumont. Ronderëm leien en ettlech héich Koppe wéi d'Tête des Neuf Bois (1.231 m), d'Tête de Fellering (1.222 m), den Drumont (1.200 m), d'Tête de la Bouloie (1.166 m) an d'Tête des Corbeaux (1.093 m). Remiremont läit op 34 km a bis op Thann sinn et et iwwer de Col de Bussang 26 km. Eng kleng Strooss féiert iwwer de Col du Page op Ventron
Quell vun der Musel
ännerenE Buer op der Héicht vu 731 Meter no beim Col de Bussang gëtt als déi offiziell Quell vun der Musel duergestallt. Eigentlech entsteet d'Musel awer aus dem Zesummelaf vu méi Baachen déi op de Koppe ronderëm, dacks op Héichten iwwer dausend Meter entsprangen.