Arrondissementer am Departement Vosges

Wikimedia-Lëschtenartikel

D'Departement Vosges setzt sech aus dräi Arrondissementer mat follgenden Haaptuertschaften zesummen: Épinal, Neufchâteau a Saint-Dié-des-Vosges.

Kaart vun den Arrondissementer am Departement Vosges

Geschicht änneren

D'Departement gouf de 4. Mäerz 1790, zesumme mat 82 aneren Departementer gegrënnt. Et hat deemools néng Distrikter: Épinal, Saint-Dié, Remiremont, Mirecourt, Neufchâteau, Bruyères, Darney, Rambervillers a Lamarche mat am Ganze 60 Kantonen.

De 17. Februar 1800 goufen d'Distrikter duerch d'Arrondissementer Épinal, Mirecourt, Neufchâteau, Remiremont a Saint-Dié ersat.

D'Gesetz vum 10. September 1926 huet d'Verwaltung vun den Departementer reoganiséiert. Doduerch goufen a ganz Frankräich 106 Ënnerprefecturë suppriméiert, dovun zwou an des Vosges, an zwar Mirecourt a Remiremont. D'Kantone koumen all an d'Arrondissement Épinal, mat Ausnam vun de Kantone Mirecourt a Vittel, déi an d'Arrondissement Neufchâteau koumen.