Alberta
Alberta | |||||
| |||||
Devise: Fortis et liber | |||||
![]() All Provënzen an Territoirë vu Kanada | |||||
Land: | ![]() | ||||
Haaptstad: | Edmonton | ||||
Gréisst Stad: | Calgary | ||||
Premierminister: | Jason Kenney (UCP) | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 6. Plaz 661.848 km² 3 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 4. Plaz 3.645.257 (2011) 5,69/km² | ||||
Deel vu Kanada ginn: | 1. September 1905 | ||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
Zäitzon: | UTC-7 | ||||
Postcode: | AB |
Alberta ass eng Provënz am Süde vum Kanada. Alberta gehéiert zanter dem 1. September 1905 zu der Kanadescher Konfederatioun. Den Numm kënnt vun der Prinzessin Louise Caroline Alberta, Duchess of Argyll, enger Duechter vun der brittescher Kinnigin Victoria.
Geographie änneren
Alberta grenzt am Norden un d'Nordwest-Territoiren, am Süden un den US-Bundesstaat Montana, am Westen u British Columbia an am Osten u Saskatchewan.
D'Haaptstad Edmonton läit bal genee an der Mëtt vun der Provënz, do gëtt och de meeschte Pëtrol raffinéiert. Am Süden, wou ë. a. Calgary läit, sinn déi meescht Ranchen.
An Alberta sinn eng Hellewull vu Séien, déi dräi gréisst Séie sinn de Lake Athabasca (7.898 km²), Lake Claire (1.436 km²) an de Lesser Slave Lake (1.168 km²). (Am Verglach: De Stauséi Uewersauer huet eng Fläch vun 3,8 km².)
Am Weste sinn d'Ausleefer vun de Rocky Mountains.
Gréisst Stied änneren
Déi gréisst Stied sinn (a Klammeren d'Awunnerzuel am Joer 2006):
- Calgary (988.193)
- Edmonton (730.372)
- Red Deer (82.772)
- Sherwood Park (82.511)
- Lethbridge (74.637)
- St. Albert (57.719)
- Medicine Hat (56.997)
- Wood Buffalo (51.496)
Ekonomie änneren
Alberta ass déi räichst Provënz a Kanada. De Pëtrol an Äerdgas an d'Agrarwirtschaft sinn d'Branchen déi am meeschten Ëmsaz maachen. An Alberta ass een Drëttel vun de weltwäite Pëtrolsreserven. No Saudiarabien ass Kanada de Staat mat den zweetmeeschte Pëtrolsreserven.
D'Rannerzuucht ass awer zanter dem BSE-Skandal am Joer 2003 réckleefeg.
Aner Branchen déi zum Wuelstand an Alberta bäidroe sinn d'Rëschtungsindustrie, d'Loft- a Raumfaarttechnik an den IT-Beräich.
Biller änneren
-
De Peyto Lake vum Banff-Nationalpark aus gesinn
-
Wëll Päerd
-
D'Rocky Mountains vum Highway 16 aus gesinn
-
Alberta
Um Spaweck änneren
- www.gov.ab.ca (Offiziell Homepage)
Commons: Alberta – Biller, Videoen oder Audiodateien |