British Columbia
Fändel Wopen
Devise: Splendor sine occasu

All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad: Victoria
Gréisst Stad: Vancouver
Premierminister: David Eby (NDP)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 5. Plaz
944.735 km²
2,1 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 3. Plaz
4.400.057 (2011)
4,76/km²
Deel vu Kanada ginn: 20. Juli 1871
Offiziell Sprooch: Englesch
Zäitzon: UTC-8/-7
Postcode: BC

British Columbia ass eng Provënz am Weste vu Kanada. Hiren Numm kënnt vum Columbia River.

Geographie

änneren

British Columbia huet méi wéi véier Milliounen Awunner a läit tëscht dem Pazifeschen Ozean an de Rocky Mountains. Am Nordweste vu British Columbia läit Alaska, am Norden d'kanadesch Nordwest-Territoiren a Yukon, am Osten d'Provënz Alberta an am Süden d'US-Bundesstaate Washington, Idaho a Montana. D'Provënz huet eng Fläch vu ronn 945.000 km² an ass domat méi wéi dräimol sou grouss wéi Italien.[1] Hir accidentéiert Küst ass iwwer 27.000 km laang mat déiwe Fjorden a 6.000 Inselen, déi meescht onbewunnt sinn.

D'Haaptstad Victoria gouf no der englescher Kinnigin benannt, ënner där hirer Herrschaft British Colombia gegrënnt gouf. Si ass haut déi 15. gréisst Metropolregioun a Kanada. Vancouver ass déi gréisst Stad an der Provënz, déi gréisst Metropolregioun am Weste vu Kanada an déi drëttgréisst Metropolregioun am ganze Land.

Geschicht

änneren

Indigen Vëlker, fir déi a Kanada den Iwwerbegrëff Éischt Natiounen ("First Nations") benotzt gëtt, hunn an der Regioun zënter op d'mannst 10.000 Joer gewunnt. D'Europäer sinn an der Mëtt vum 18. Joerhonnert an d'Regioun komm fir mat Pelz ze handelen a Séiotteren ze joen. Den éischte Kontakt mat Europäer huet eng Rei Epidemië provozéiert (zum Beispill Variole), un deene vill lokal Awunner gestuerwe si well si - am Géigesaz zu den Europäer - keng Immunitéit géint déi Krankheeten haten. Dat huet zu engem dramateschen demographeschen Abroch gefouert an och spéider ass et mat den éischten europäeschen Néierloossungen an der Regioun net besser ginn. D'kolonial Verwaltung war der Meenung, d'europäesch Kolonialiste géifen den Territoire besser exploitéieren a kruten dofir de Besëtz vum Land zougesprach. D'indigen Vëlker goufen a Reservater gedrängt, déi fir hire Liewensstil dacks ze kleng waren. 1930 goufen et 1.500 Reservater a British Columbia.

Vun der Handelsfirma Hudson's Bay Company goufen am 19. Joerhonnert éischt Territoire mam Numm British Colombia etabléiert, déi spéider zesummegeluecht goufen an dunn 1871 Deel vu Kanada gi sinn.

Ekonomie

änneren

2014 hat British Columbia e PIB vun 237.188 Millioune kanadeschen Dollar, wat 12,02 % vum PIB vu Kanada entsprach huet. D'Provënz war laang vum Ofbau vun natierleche Ressource ofhängeg, haaptsächlech an der Forstwirtschaft, mä och am Biergbau an elo ëmmer méi an der Produktioun vun Naturgas. D'Aarbechtsplazen an deene Secteure ginn zwar graduell erof, spillen trotzdeem awer nach eng wichteg Roll.

Déngschtleeschtungen am Finanzsecteur zum Beispill entwéckele sech ëmmer méi staark. Véier Fënneftel vun den Aarbechtsplaze kommen aus dem Déngschtleeschtungssecteur.[2]

An der Regioun ëm Vancouver gëtt et no Los Angeles an New York déi drëttgréisst Filmindustrie an Nordamerika.[3]

Um Spaweck

änneren
Commons: British Columbia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Verglach British Colombia - Italien
  2. workbc.ca: British Columbia's economy (gekuckt de 4. September 2016)
  3. Vancity Buzz: 2015 a record year for Vancouver's film and television industry (19. Februar 2016)