Anden
D'Anden sinn déi längst Gebiergskette vun der Welt (zirka 7000 km). Se zéie sech laanscht d'Westküst vu Südamerika vu Venezuela iwwer Kolumbien, Ecuador, Peru, Bolivien, Argentinien am Chile. Se bestinn aus 2 oder méi parallelen Haaptketten. Am mëttelste Segment a Peru, Bolivien, Nordchile an Nordargentinie leien déi Kette wäit auserneen, se ëmkreesen d'Héichland (Altiplano), wou matzen dran den Titicaca-Séi läit. Den Zentrum vum Inkaräich, Cuzco, läit nërdlech vum Héichland.


Am Süde vun Ecuador sinn d'Ande bis 200 km breet; tëscht Arica (Chile) a Santa Cruz de la Sierra (Bolivien) am Oste sinn se iwwer 600 km breet.
BiergerÄnneren
Den héchtse Bierg, den Aconcagua ass 6.962 m héich. E läit an Argentinien op der Grenz mam Chile.
Bekannt Bierger vun den AndenÄnneren
Aconcagua | 6.962 m | Argentinien | |
Nevado Huascarán | 6.768 m | Peru | |
Alpamayo | 5.947 | Peru | |
Nevado Yerupajá | 6.634 m | Peru | |
Nevado Illimani | 6.483 m | Bolivien | |
Huayna Potosí | 6.088 m | Bolivien | |
Cerro Torre | 3.133 m | Argentinien |
VulkanerÄnneren
D'Anden an d'mëttelamerikanesch Kordilleren hu staark seismesch a vulkanesch Aktivitéiten. Déi héchst Vulkaner vun der Welt sinn do ze fannen: De 6.795 m héije Monte Pissis an Argentinien an de 6.864 m héijen Ojos del Salad (Argentinien-Chile). Vulkanesch Phenomeener, wéi Solfatar, Geysir a Fumarole si wäit verbreet.
- Bekannt aktiv Vulkaner
Cotopaxi | 5.897 m | Ecuador | |
Tungurahua | 5.010 m | Ecuador | |
Pichincha | 4.784 m | Ecuador | |
Villarrica | 2.840 m | Chile |
Wéi sinn d'Anden entstanen?Änneren
D'Ande sinn ongeféier 60 Millioune Joer al.
ReferenzenÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Andes – Biller, Videoen oder Audiodateien |