Blegny

belsch Gemeng

Blegny, op Wallounesch Blegneye, ass eng belsch Gemeng an der wallounescher Regioun, an der Provënz an Arrondissement Léck, am Pays de Herve.

Blegny
Blason commune be Blegny.svg
Blegny - Casa de la Vila.jpg
Land Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Liège.svg Léck
Arrondissement Léck
Awunner 13.212 (1 Januar 2017)
Fläch 2.607
Koordinaten 50° 40’ 21’’ N
      05° 43’ 31’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4670
Websäit http://www.blegny.be
Blegny Liège Belgium Map.svg

D'Gemeng besteet aus de Sektioune Mortier, Trembleur, Barchon, Housse, Saive a Saint-Remy.

D'Gemeng Blegny ass den 1. Januar 1977 duerch Fusioun vu verschiddene Gemengen entstanen, déi haut d'Sektioune vun der Gemeng sinn. Den Numm Blegny krut se vun engem Uertsdeel vun der Sektioun Trembleur.

Duerch d'Gemeng lafen d'Baache Bolland a Julienne.

Blegny ass haaptsächlech bekannt duerch d'Kuelegrouf vu Blegny tëscht Blegny an Dalhem.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Blegny – Biller, Videoen oder Audiodateien