Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Blannschlécher (laténgesch: Anguis fragilis; Däitsch: Blindschleiche; Franséisch: orvet) ass eng Echsenaart aus der Famill vun de Schlécher (Anguidae). De Blannschlécher huet keng Patten, soudatt hien dacks fir eng Schlaang gehale gëtt.

Blannschlécher

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Echsen
Iwwerfamill: Diploglossa
Famill: Schlécher (Anguinidae)
Gattung: Anguis
Wëssenschaftlechen Numm
Anguis fragilis
Linnaeus, 1758

En erwuessene Blannschlécher ass an der Moyenne 35–45 cm laang (max. 50 cm). Blannschlécher kënne 50 Joer al ginn.

Dem Henri Klees no heescht hien och nach: Adder, Blanneschlécher, Blandschlécher, Blank-, Blénkschlécher, Blindschleich, Blindschleech, Bléintschléier, Blënnschlécher, Blënzelt, Blënzert, Land-, Lank- a Lannschlécher.

E Blannschlécher

Bibliographie änneren

  • Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. Imprimerie Pierre Linden, Luxemburg.

Um Spaweck änneren

Commons: Anguis fragilis – Biller, Videoen oder Audiodateien