Lëtzebuerg-Blankenberge-Express
De Lëtzebuerg-Blankenberge-Express ass e Spezialzuch deen an de Summerméint Lëtzebuerg mat Blankenberge op der belscher Côte verbënnt. De Volleksmond schwätzt vum Blankenberge-Express. Organisator vum Zuch ass de Groupement des Amis du Rail (GAR).
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d1/L%C3%ABtzebuerg-Blankenberge-Express.jpg/350px-L%C3%ABtzebuerg-Blankenberge-Express.jpg)
Streck
ännerenAn der Reegel féiert de Blankenberge Express eng Tranche Rodange - Blankenberge mat sech.
Material
ännerenD'Ramm vum Blankenberge Express ass gewéinlech eng konterbont Mëschung vu Wegmann-Voituren, CFL Corailen, I6'er Voituren an I10'er Voituren. D'Traktioun gëtt duerch eng CFL 3000 assuréiert.
Geschicht
ännerenDen éischte Blankenberge-Express ass 1978 gefuer.