De Skulpturewee zu Lëlz mat sechs Skulpturen ass 1999 zu Lëlz entstanen.

Kaart um Panneau vum Skulpturewee

Ënner dem lëtzebuergesche Sculpteur Bertrand Ney, dee fir d'Konzept zoustänneg war, ass 1999 zu Lëlz e Skulptursymposium organiséiert ginn. Nieft dem Bertrand Ney hu fënnef aner Sculpteure beim Symposium matgemaach.

Et hu matgemaach:

  1. Georg Ahrens (D) - "Engel vom See" - Steen aus Rahlingen (D)
  2. Jaak Hillen (B) - "Sonnen-Skulpturen (5 Teile)" - Sandsteen mat Eisen
  3. Ton Kalle (NL) - "Zeit und Landschaft" - Granit aus Andalusien, 300 x 300 x 220 cm
  4. Bertrand Ney (L) - "Jakobsleiter" - Granit aus Ostdäitschland
  5. Sybille van Halem (GB) - "3 Skulpturen: Entstehung der Welt - Skulptur mit Blumen-Bienenkorb" - Muschelkallek aus Lëtzebuerg
  6. Kyriakos Rokos (GR) - "2 Skulpturen: Freie Inspiration" - Muschelkallek aus Lëtzebuerg

De Skulpturewee zu Lëlz ass an de Projet Strooss vum Fridden (op Däitsch: europäische Skulpturenstraße des Friedens) integréiert ginn.

Fotoalbum änneren

Kuckt och änneren