Dewilda
Moien,
A merci fir Är éischt Artikelen!
Wann Der nei bei Wikipedia sidd, fannt Der heidrënner e puer allgemeng Rotschléi.
Op eng gutt Zesummenaarbecht!
Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:07, 12. Jul. 2021 (UTC)
|
Wikiiessen 2022
ännerenLéiwe Wikikolleeg,
Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:21, 19. Jan. 2022 (UTC)
Quebracho
ännerenMoien Daniel Wilmes,
Du schreifs: 1895 gouf op Initiative vu Lëtzebuerg (deemools am Däitschen Zollveräin) e "Gerbstoffzoll" agefouert, fir sou déi lëtzebuergesch Louschläisserte virun der Konkurrenz vum Quebraco aus Argentinien ze schützen.[1]
Aus där Referenz geet awer leider net ervir datt deen Zoll agefouert gouf. Deemno wier dat wat s du schreifs net richteg. --Les Meloures (Diskussioun) 18:16, 30. Jan. 2022 (UTC)
- Gudden Owend,
- Am Wort vum 27.9.1902 liesen ech eraus dat se agefouert ginn ass.
- Wann s du dat net esou gesäis änneren ech gären den Text, datt Lëtzebuerg eng Propos gemaach huet. Daniel Wilmes (Diskussioun) 18:32, 30. Jan. 2022 (UTC)
- Remoien
- Ech hunn net am Wort vum 27.09.1902 nogekuckt, well deng Referenz ass d'Wort vum 1. Februar 1895.
- Du has dann eeben eng falsch Referenz uginn. --Les Meloures (Diskussioun) 18:52, 30. Jan. 2022 (UTC)
- Soll ech dann déi 2 Referenzen ungin?
- Kanns de gär maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:09, 30. Jan. 2022 (UTC)
- PS. Ech hunn lo och déi aner gekuckt. Ech fannen och do net eraus ob en aneren Tarif agefouert gouf oder net. --Les Meloures (Diskussioun) 19:42, 30. Jan. 2022 (UTC)
- Dann nach eng: Den Artikel mam Titel Die Quebracho Zollfrage steet a kenge vun deenen zwou déi s de uginn hues, mä am Wort vum 26. Dezember 1894.
- Vläicht net grad sou liichtfankeg mat Referenzen ëmgoen, an nëmme Saache schreiwen déi stëmmen, an net probéieren, Saachen op eng komesch Manéier z'interprtéieren an dat als wouer duerzestellen. --Les Meloures (Diskussioun) 19:53, 30. Jan. 2022 (UTC)
- ↑ Luxemburger Wort 1 Februar 1895 : Die Quebracho Zollfrage
Fichier
ännerenMoien,
am Fichier iwwer d'Jeeërausbildung deen s de eropgelueden hues stinn en ettlech Feeler. E soll deemno net sou gegebraucht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:59, 15. Feb. 2023 (UTC)
- Moien, hunn daat am Excel gemaach, ech fannen den PDF net gutt, kucke en JPG draus ze maachen. Kanns de mir soen wat falsch ass? Merci. Dewilda (Diskussioun) 09:08, 15. Feb. 2023 (UTC)
- Dat kann ech maachen, mä just eng Fro: Wier et net besser dat als Wikitabell ze maachen? --Les Meloures (Diskussioun) 09:34, 15. Feb. 2023 (UTC)
- Ok, och eng Iddi, probéieren dat dann emol. Sou mir w.e.g. awer wat falsch ass, dann ass déi Etappe schonns gemaach.;-) Dewilda (Diskussioun) 09:47, 15. Feb. 2023 (UTC)
- Dat kann ech maachen, mä just eng Fro: Wier et net besser dat als Wikitabell ze maachen? --Les Meloures (Diskussioun) 09:34, 15. Feb. 2023 (UTC)
- Zäitleche Oflaf vun der Jeeërausbildung → Zäitlechen Oflaf vun der Jeeërausbildung
- Ofginn vum Praktikumsbichelchen → Ofgi vum Praktikumsbichelchen
- Formatioune → Fomatiounen
- Schrëftleche Examen → Schrëftlechen Examen
- Mëndleche Examen → Mëndlechen Examen
--Les Meloures (Diskussioun) 10:00, 15. Feb. 2023 (UTC)
- Merci! Dewilda (Diskussioun) 10:10, 15. Feb. 2023 (UTC)