> > > NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER < < <
Moie Claude Schomer,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


--Robby 21:36, 12. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Fichier:Roland Gelhausen.JPG änneren

Moien Här Schomer, ech erlabe mer, Iech alt schonns am Robby senger Plaz z'äntweren:

Jo, Dir kënnt d'Infoen nodréiglech bäisetzen. De Fichier huet den Numm Fichier:Roland Gelhausen.JPG. Do einfach op "Änneren" klicken an dann dat hei era-copy-pasten an ofspäicheren (Dir musst dann agelogged sinn, datt ee gesäit datt Fichier an Text vun deem selwechte sinn):

*'''Sujet''': De [[:lb:Roland Gelhausen|Roland Gelhausen]] [wéini, wou?]
*'''Auteur''': {{own}} - selwer gemaach vum [[User:Claude Schomer]]
*'''Lizenz''': CC-BY-SA 3.0/LU
{{self|cc-by-sa-3.0-lu}}

... an dann ofspäicheren. Merci fir d'Bild, ech setzen et dann dono an den Artikel an. Falls Der nach spéider nach aner intressant Biller hätt, kënnt Der se direkt iwwer den "Upload wizzard" eroplueden, do setztz sech d'Schabloun mat Lizenz automatesch an, an d'Bild kënnt op Commons, vu wou et och an anere Wikipediaversiounen agebaut ka ginn. Link op den Uploadwizzard:

https://commons.wikimedia.org/wiki/Special:UploadWizard

Falls Der nach Froen hätt, hei ass ëmmer een do deen Iech gär eng Hand mat upeekt,

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 08:00, 13. Okt. 2013 (UTC)Äntweren


Wikipedia:Fotoen, déi eis nach feelen änneren

Moien,

Moien,

Oh mei, dat ass eng Lëscht aus den Ufanksjore vun der Wiki. Ech mengen do huet scho laang kee méi gekuckt. Effektiv stinn do Artikelen, wou an der Tëschenzäit eng Foto kritt hunn. Sou streng eescht muss een se dofir net huelen.

Am Fong ass et einfach: All Artikel (besonnesch zu engem lëtzebuergeschen Thema) deen net illustréiert ass, 'verdingt' et, eng Foto ze kréien. Besonnesch bei Persounen - jidderee geet emol op eng Veranstaltung - Concert, Virtrag, Aweiung, Buchpresentatioun - wou "Prominenter" sinn, déi ouni Foto hei sinn, wou et flott wier esou eng ze kréien. 'T selwecht bei Uertschaften, wou et der vill ginn, wou ee knipse kann.

De Lycée ass effektiv nei, do spillt déi Saach mam Copyright. Et hänkt bei neie Gebaier awer och e bëssen dervun of, wéivill architektonesch Originalitéit se hunn: Eng véiereckeg Schungkëscht ass eppes anescht wéi eppes vun engem Star-Architekt. Mee et ass och esou datt déi Saach an den Ufanksjoren hei nach net esou bekannt waren, an esou gëtt et wuel nach hei an do eng Foto déi et streng geholl hei net dierft ginn. Wann ee jäizt gëtt se dann ewechgemaach.

Falls Dir also Fotoen hätt: Einfach eroplueden (zënter kuerzem ass dat op direkt op Commons). Wann Der Iech net sécher sitt, hannerloosst mär (oder um Stamminee) eng kuerz Noriicht, da kann een dat nokucken, op alles richteg gelaf ass.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:36, 26. Nov. 2013 (UTC)Äntweren

Re: Rue de Prague änneren

Moien, ech weess d'Äntwert leider net a setzen dofir emol Är Fro op de Staminee, wou hoffentlech méi Leit se liesen. MbG, --Zinneke (Diskussioun) 23:02, 30. Jan. 2014 (UTC)Äntweren

Wiki-Iessen dëse Samste Mëtten änneren

Mé info do: Wikipedia:De Staminee#Gebongt. Vläicht hutt Dir Loscht och mat derbäi ze sinn? --Zinneke (Diskussioun) 14:35, 11. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Foto Balthasar änneren

Moien, an der Beschreiwung steet eppes vun engem Concert 28. Mäerz 2014... Wat kinnt de richtegen Datum sinn? --Jwh (Diskussioun) 20:09, 24. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Ok, ech hat den EXIF net gekuckt, ech verbesseren et --Jwh (Diskussioun) 20:11, 24. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Re: Fotoen änneren

Gudden Owend,

Merci fir d'Foto am Balthazar-Artikel! Genee wéi hie ginn et honnerte vu bekannte Lëtzebuerger Kënschtler oder Politiker, déi nach keng Foto op der Wikipedia hunn. Déi Schabloun, vun där mer rieds haten, an déi a villen (awer nach laang net allen) Artikele steet, wou eng Foto feelt, ass d'Schabloun:Foto gewënscht, an d'Artikelen (d.h. d'Leit déi a Fro kéimen), sinn op dëser Spezialsäit] opgezielt. Eng Méiglechkeet wier deemno, ze kucken, op Der vun deem engen oder aneren an där Lëscht eng Foto hätt, déi Der der Wikipedia (an domat der Allgemengheet) kéinnt zur Verfügung stellen. Oder, nach méi einfach, wann Der vun engem eng Foto hutt, einfach den Numm antippen, fir ze kucken, ob den Artikel eng Foto huet. Wann net, ass se séier op Commons gelueden.

Villmools Merci am viraus!

Bescht Gréiss,

--Zinneke (Diskussioun) 20:36, 24. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Re.2014 änneren

Moien,

villmools merci, dat si flott Nouvellen!

Ech schécken Iech e kuerze Mail iwwer d'Fonctioun "Dësem Benotzer eng E-Mail schécken", da misst Der meng gesinn. Falls dat net géing, maacht dat selwecht bei mir, da kréien ech Är, a kann dann eReply maachen. Adminnen hunn net vill méi Rechter wéi 'normal' Useren, si kënne just bestëmmte Säiten oder Konte spären, a Fall vu Vandalismus, etc.

Bescht Gréiss,

--Zinneke (Diskussioun) 22:52, 27. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes änneren

Moien,

Dir hat et vläit net um Staminee gesinn: de Samschden, 21. Mee, hu mer eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Vläit kënnt Dir och kommen? Drot Iech da vläit just um Stamminee an.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 20:15, 12. Mee 2016 (UTC)Äntweren