Barrière (Eisebunn)

Kräizung vun enger Eisebunnsstreck um selwechten Niveau mat enger Strooss oder engem Wee

Als Barrière bezeechent ee bei der Eisebunn déi technesch Installatiounen déi op där Plaz sinn, wou eng Eisebunnslinn en anere Verkéierswee[1] kräizt.

D'Barrière PN17 op der CFL-Linn 1 tëscht Walfer an Helsem am Joer 2010. D'Barrière gouf am September 2020 definitiv zougemaach an duerch eng Ënnerféierung ersat.

Ëmgangssproochlech gëtt déi Kräizung selwer als Barrière bezeechent. Am Fachjargon schwätz ee vun engem passage à niveau (fr), gekiert PN. Zu Lëtzebuerg gouf et am Juni 2017 am Ganzen nach 129 Barrièren[2], zwee Joer duerno der just nach 117[3]. Aus Sécherheetsgrënn sollen no an no ëmmer méi Barrière mat Iwwer- oder Ënnerféierungen ersat ginn.

AllgemengesÄnneren

  • Zu Lëtzebuerg gëtt et haut bal keng Iwwergäng méi, bei deene keng Barrièren de Passage ofsécheren.

SignalisatiounÄnneren

Op der StroossesäitÄnneren

D'Signalisatioun viru Barrièren ass genee am Code de la route definéiert.

Wann et eng Barrière ass, déi mat Barrièren am eigentleche Sënn ekipéiert ass, gëtt se mam Verkéiersschëld A, 25 ugekënnegt, op deem e stiliséierten Zonk gezeechent ass. Dat kann een och nach mam agedäitschten Term vun enger bewaachter Barrière (oder Gleisiwwergank) ëmschreiwen.

Wann et eng Barrière ass, déi nëmme Warnanlagen huet, da gëtt dat mam Schëld A, 26 symboliséiert op deem eng elektresch Lokomotiv ze gesinn ass. Bis 2012 gouf dat Schëld ënner der Nummer A, 27a gefouert an hat d'Symbol vun enger Damplokomotiv drop.

Fir dem Automobilist ze weise wéi wäit et nach bis bei d'Barrière ass, stinn a gläichbleiwendem Ofstand vun der Barrière dräi Schëlter mat dräi, zwéin, respektiv engem Stréch. Bei Weeër a Stroosse mat wéineg Trafic, ginn déi Schëlter fir gewéinlech ewechgelooss.

Wa bei enger onbewaachter Barrière keng rout Luuchten déi blénken, do sinn, a wann och kee „STOP“-Schëld do ass, da weist en Andreaskräiz drop hin, datt een direkt vun de Schinnen eroffuere muss wann en Zuch gefuer kënnt.

Bei der Barrière selwer stinn een oder puer Pottoe mat zwou roude Luuchten. Wann en Zuch kënnt, blénken déi ofwiesselnd a ginn eréischt aus wann den Zuch passéiert ass.

Op zweegleisege Strecke steet och nach e Schëld wat drop opmierksam mécht datt een Zuch en anere verstoppe kann.

Op der EisebunnssäitÄnneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Eisebunnsbarrièren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt ochÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Stroossen, Weeër an heiansdo och d'Piste vun engem Fluchhafen.
  2. Sicherheit hat Vorrang Artikel am Journal vum 3. Juni 2017, gekuckt den 18. Februar 2018 op ilcad.org, der Websäit vum International Level Crossing Awareness Day
  3. Gefahrenstelle Bahnübergang op wort.lu de 6. Juni 2019