Schëld B, 2a

Verkéiersvirfaartsschëld Lëtzebuerg


D'Schëld B, 2a ass e Virfaartsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat ugëtt, datt ee stallhale muss an deene Gefierer, déi vu riets a lénks kommen, d'Virfaart iwwerloosse muss.

Schëld B, 2a
Stoppschëld
Bezeechnung B, 2a
Kategorie Virfaartsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

Virun engem Gleisiwwergank ouni Barriäre bedeit d'Schëld B, 2a, datt d'Chauffere musse stoe bleiwen, ier s'op d'Barriär eropfueren.

Bei den Iwwergäng fir Vëlosfuerer weist d'Schëld B, 2a de Chaufferen un, datt se stallhale mussen ier se op de Vëlosiwwergang fueren an d'Cyclisten, déi um Vëloswee d'Strooss iwwerquiere wëllen, laanscht loosse mussen. Déi Plaz wou den Iwwergang fir Vëlosfuerer ass, muss mam Schëld B, 1 oder B, 2a gezeechent ginn.

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – II. Signaux de priorité[1]
« 2. Arrêt – Le signal B,2a indique aux conducteurs qu'ils doivent marquer l'arrêt avant de s'engager sur la chaussée dont ils s'approchent et céder le passage aux conducteurs qui circulent dans les deux sens sur cette chaussée. Les conducteurs doivent s'arrêter soit à l'endroit de la marque au sol telle que reprise à l'article 110 sous i), soit, en l'absence d'une telle marque, à l'endroit où ils peuvent observer dans les deux sens la chaussée sur laquelle ils s'engagent.
Aux passages à niveau sans barrières, le signal B,2a indique aux conducteurs qu'ils doivent marquer l'arrêt avant de s'engager sur le passage à niveau et qu'ils doivent se conformer aux dispositions qui précèdent.
Aux passages pour cyclistes, le signal B,2a indique aux conducteurs qu'ils doivent marquer l'arrêt avant de s'engager sur le passage pour cyclistes et céder le passage aux conducteurs de cycles qui traversent ou marquent leur intention de traverser la chaussée sur le passage. L'aplomb des passages pour cyclistes doit être indiqué par le signal B,2a ou B,1. »

Bemierkungen änneren

Fichier:Fig. 50 - Arresto all'incrocio - 1959 - early version.svg
Modell vum urspréngleche Stoppschëld (virun 19…)
  • D'Schëld B, 2a gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 23 vum Artikel 107 definéiert[2].
  • Beim Schëld B, 2a mussen d'Chaufferen op där Plaz stoe bleiwen, déi mat engem Stréch[3] um Buedem gezeechent ass. Wa keen esou e Stréch do ass, dann op där Plaz wou s'a béid Richtunge vun der Strooss kucke kënnen, ob déi se erafuere wëllen.

Dimensioune vum Schëld änneren

  • Bannent den Uertschafte muss d'Schëld op d'mannst 600 mm a baussent den Uertschaften op d'mannst 900 mm héich sinn. D'Schrëft „STOP“ muss op d'mannst een Drëttel vun der Héicht vum Schëld hunn.

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Virfaartsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. Stréch, wéi en am Artikel 110, Buschtaf i) vum Arrêté grand-ducal beschriwwen ass