Michel Malherbe

Lëtzebuergesche Politiker a Sportler

De Michel Malherbe, gebuer de 16. Dezember 1957 zu Sprimont, ass e lëtzebuergesche Politiker (DP) a fréiere Sportler. Hien ass zënter dem 1. Februar 2016 Buergermeeschter vun der Gemeng Miersch.

Michel Malherbe
Gebuer 16. Dezember 1957
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker, Sportler

Virdru war hien do zënter 1996 am Gemengerot an zënter 2009 Schäffen.

De Michel Malherbe war Verkafsdirekter an ass ewell Beroder bei enger Pëtrolsentreprise. A senger Jugend war hien e puermol Landesmeeschter am Judo.

Hien ass bestuet an huet zwee Kanner.

Literatur änneren

  • "Gemeindevater mit Frohsinn." Interview vum Diana Hoffmann, in: Luxemburger Wort 5./6. Mäerz 2016, S.38.