Terceira

Insel vun den Azoren
Terceira

 
Geographie
Land Portugal
Läit an/am Nordatlantik
Koordinaten: 38° 43’ 00’’ N
      27° 12’ 00’’ W
Fläch 396,75 km²
Héicht 1023 m (Santa Bárbara)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Região Autónoma dos Açores
Demographie
Awunnerzuel 55.955 (2016)

Terceira (Portugisesch fir (déi) Drëtt) ass eng Insel vun den Azoren, wou se zum Grupo Central gehéiert.

Satellittevue (2020).

Si ass knapps 400 km² grouss, ass 29 km laang a 17,5 km breet. Op Terceira liewen eng 56.000 Awunner (Stand 2016).

Wéi all déi aner Azoreninselen huet och Terceira vulkanesch Originnen.

Terceira gouf am 15. Joerhonnert vu portugisesche Séifuerer als drëtt vun den Azoren-Inselen entdeckt, wat hir den Numm ginn huet. Ursprénglech hunn hir Entdecker se Ilha de Jesus Cristo oder och Brasil genannt. Bei Angra do Heroísmo heescht haut nach e Bierg Monte Brasil.

Angra do Heroísmo ass, mat ronn 12.000 Awunner, d'Haaptstad vun der Insel. Wéinst senger gutt erhalener Alstad mat hire Befestegungsanlagen aus der fréier Neizäit gouf d'Stad 1983 als Kulturweltierwen vun der UNESCO klasséiert.

Déi meescht Leit op der Insel liewen an den zwou Stied Angra a Vila da Praia da Vitória, de Rescht bal nëmme laanscht d'Küst. Angra a Praia si Chef-lieu vun den Arrondissementer mam selwechten Numm. Am Arrondissement Angra sinn 19, an an deem vu Praia 11 Gemengen.

Historesch war Terceira eng wichteg Tëschestatioun fir international Handelsschëffer am Nordatlantik. Zwar war Angra keng klassesch Handelsstad, huet awer vun de Schëffer, déi do Statioun tëscht Amerika an Europa gemaach hunn, profitéiert. Och den éischte Fluchhafe vun den Azoren war op Terceira. Am Zweete Weltkrich hunn d'Alliéiert e massiv ausgebaut, och als Tëschestatioun fir hir Fligeren. Nom Zweete Weltkrich waren nach jorzéngtelaang amerikanesch Truppen do stationéiert.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Terceira – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren