Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur

lëtzebuergesche Ministère
(Virugeleet vu(n) Ausseministère)

Deen dacks als Ausseministère genannte Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel (fr: Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf.

Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur
Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel
Land Lëtzebuerg
Minister Xavier Bettel, Yuriko Backes
Verwaltungssëtz Fréiere Justizpalais
Gegrënnt 17. November 2023
Um Spaweck https://maee.gouvernement.lu/

En ersetzt de fréieren Aussen- an Europaministère an iwwerhëlt Kompetenze vun ë.a. dem Ministère vun der Kooperatioun an der humanitärer Hëllef, dem Wirtschaftsministère (fir den Aussenhandel) an dem Ministère vun der Famill, Integratioun an d'Groussregioun.

Opdeelung änneren

D'Zoustännegkeete vum Ministère ginn op zwéi Ministeren opgedeelt:

  • de Xavier Bettel ass Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel a Minister fir Entwécklungs-zesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten;
  • d'Yuriko Backes ass Verdeedegungsministesch.

Kompetenz vum Ausseministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ausseministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Auswäerteg Ugeleeënheeten, Aussenhandel, Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten änneren

  • International Bezéiungen: Koordinatioun tëscht de Ministèren am Beräich vun den internationale Bezéiungen, Baussen- a Sécherheetspolitik, Aktioune fir d'Friddenssécherung, interministerielle Kommitee fir Mënscherechter, international kulturell Bezéiungen, international Organisatiounen a Konferenzen, international Traitéen an Ofkommes, allgemeng Administratioun a Koordinatioun vum Ministère, diplomateschen Déngscht a konsularesch Affären.
  • Europapolitik: Koordinatioun vun der europäescher Politik tëscht de Ministèren, Koordinatioun vun der Ëmsetzung an der Uwendung vun der EU-Gesetzgebung, Kommitee fir d'Koordinatioun vun der europäescher Politik, interministerielle Koordinatiounscomité fir déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht, Zesummenaarbecht mat der Groussregioun, Haus vun der Groussregioun.
  • International wirtschaftlech Bezéiungen, multilateral Wirtschaftsorganisatiounen, international Handelspolitik, ekonomesch Diplomatie, Koordinatioun bei der Ëmsetzung vun internationale Sanktiounen, wirtschaftlech Sécherheet op europäeschem an internationalem Volet.
  • Sëtz vun den europäeschen an internationalen Institutiounen an Ariichtungen: Koordinatiounscomité fir d'Ariichte vun europäeschen Institutiounen an Organismen.
  • Wirtschaftspromotioun a -prospektioun: Fërdere vum Baussenhandel, Investitiounsprospektioun (zesumme mam Wirtschafts-, Finanz- a Staatsministère), - Presidence vum Trade and Investment Board a vum Trade and Investment Steering Committee, Wirtschaftsmissiounen, Fachausstellungen am Ausland, Betreiung vun internationalen Aktivitéite vu lëtzebuergeschen Entreprisen, Verwaltung a Leedung vum Reseau vun de Luxembourg trade and investment offices, Koordinatioun a Finanzéierung vun der Prospektioun vu Luxinnovation, Finanzinstrumenter fir d'Promoitioun vun den Exporter, Kontroll vum Export, Import an dem Transit, GIE Weltausstellungen.
  • Koordinatioun an Ëmsetze vun der Politik am Kader vun der Entwécklungs- an humanitärer Hëllef: Koordinatioun vun der ëffentlecher lëtzebuergescher Entwécklungshëllef, Koordinatioun an Ëmsetze vum internationale Volet am Kader vun den Ziler fir eng nohalteg Entwécklung, Europäesch Investitiounsbank, multilateral Entwécklungsbanken (Inklusiv dem internationale Wärungsfong an der Weltbank), Relatioun mat den Net-Regierungsorganisatiounen.

Verdeedegung änneren

  • Allgemeng Verdeedegungspolitik a Politik vun der internationaler Verdeedegungszesummenaarbecht, strategesch Planifikatioun vun de Verdeedegungsefforten, Planifikatioun an Iwwerwaache vun Asätz fir d'Friddenssécherung, Entwécklung vun nationalen a multinationale Verdeedegungscapacitéiten, Ënnerstëtze vun der Entwécklung vun enger gesamtstaatlecher Approche fir d'Verdeedegungsefforten an Zesummenaarbecht mam Haut-Commissariat à la Protection nationale.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten änneren

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.