Aurora war den Numm fir eng Rei vu Programmer vun der Europäescher Weltraumorganisatioun fir d'Erfuerschung vum Sonnesystem, besonnesch vum Planéit Mars a vum Äerdmound.

Den ambitiéisen Aurora-Projet an de fréieren 2000er-Joren publizéiert, mam ultimativen Zil vun enger bemannter Missioun op de Mars an internationaler Kooperatioun nom Joer 2030. Den eenzege realiséierte Projet aus dëse Pläng ass bis 2016 den ExoMars Trace Gas Orbiter an eventuell dee fir 2020 geplangten ExoMars Rover. D'Projetsbezeechnung Aurora gëtt et bei der ESA net méi an déi fréier Webpresenz gouf no Abrëll 2010 ewechgeholl.

Projetspläng änneren

 
Prototyp vum ExoMars Rover beim Cambridge Science Festival 2015
 
D'Orbitersond fir déi 2016 geplangt Mars Trace Gas Mission (TGM) als éischten Deel vun der ExoMars Mission.

Chronologie vum Projet:

  • 2007 Entry Vehicle Demonstrator (EVD) – Test vum Héichvitess-Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär
  • 2009 ExoMars – e Mars-Orbiter an e grousse Mars-Rover fir d'Sich no Spuere vu Liewen
  • 2011–2014 Mars Sample Return (MSR) – Réckféierung vu Prouwe vum Mars op d'Äerd
  • 2014 Human Mission Technology Demonstrator(s) - Teste vun Technologië fir bemannt Missiounen
  • 2018 Technology Precursor Mission – Teste vun neien Technologien, wéi Aerobraking, Aerocapture, elektresch Undriff a mëll Landung
  • 2024 Bemannt Moundmissioun
  • 2026 Onbemannt Marsmissioun als Virleefer fir déi bemannt Missioun
  • 2030 Frachtelementer fir déi bemannt Marsmissioun
  • 2033 Bemannt Marsmissioun

D'Missioun ExoMars ass den eenzege Projet, deen aktuell mat siwe Joer Verspéidung ëmgesat gëtt.

Memberen änneren

Follgend Staate sinn um Projet bedeelegt: Belsch, Däitschland, Frankräich, Italien, Kanada, Holland. Éisträich, Portugal, Schweden, Schwäiz, Spuenien, Vereenegt Kinnekräich.

All fënnef Joer sollten d'Memberen iwwer de Budget fir déi kommend Schrëtt entscheeden. Bei der ESA-Konferenz am Dezember 2005 hu vu 17 Memberstaaten, der nëmme 14 sech un der Finanzéierung vun der ExoMars-Mission bedeelegt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren