Auguste Laval

lëtzebuergeschen Jurist, Industriellen a Politiker

Den Antoine Marie Auguste Laval, gebuer de 4. Februar 1843 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. Oktober 1915 zu Bern, war e lëtzebuergeschen Affekot, Industriellen a Politiker.

Auguste Laval
Gebuertsnumm Antoine Marie Auguste Laval
Gebuer 4. Februar 1843
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. Oktober 1915
Bern
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Entreprener
Partei Liberal Liga
Famill
Kanner Léon Laval

Hie war vun 1878 bis 1890, 1891 bis 1902 a vun 1904 bis 1913 Deputéierten an der Chamber a vun 1905 bis 1913 Chamberpresident.

Hie war Member vum Verwaltungsrot vun der Arbed, déi 1911 gegrënnt ginn ass.

Den Auguste Laval war mat der Marie-Albertine-Petronille-Therese Metz, Duechter vum Auguste Metz, bestuet.

An der Stad Lëtzebuerg, zu Eech, resp. Weimeschkierch, sinn eng Strooss an e Park no him genannt.

Gielercher änneren


Referenzen änneren

  1. Publikatioun vun de Leit déi 1912 eng Auszeechnung am Ordre de la couronne de chêne kritt hunn (Memorial A N° 41 vun 1912).