Den Auguste Nicolas Joseph Kohl, gebuer den 23. November 1834 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 2. Mäerz 1921, war e lëtzebuergeschen Zaldot an der hollännescher Kolonialarméi an Indonesien (deemools Ostindien) an Auteur vu senge biographesche Memoiren.

Auguste Kohl
Gebuer 23. November 1834
Gestuerwen 2. Mäerz 1921
Aktivitéit Zaldot

Liewen änneren

Den Auguste Kohl war de Jong vum Pierre Joseph Kohl, engem Beamten an der Direktioun vum Génie militaire, a vun der Marguerite Fox. Obwuel hie gär studéiere wollt huet en awer nëmmen däerfen en Handwierk léieren.

Mat 25 Joer ass en 1859 iwwer Diddenuewen a Metz op Paräis gefuer, fir do an der Fabrick vu senger Stéischwëster a sengem Schwoer Aarbecht ze fannen. Awer do hat e kee Gléck a gouf nees virun d'Dier gesat. En ass virun op Bréissel an iwwer Léck op Amsterdam gereest, wou en duerch eng Zoufallsbekanntschaft op d'Iddi bruecht gouf, als Zaldot an déi hollännesch Arméi an Ostindien anzetrieden. Ouni laang z'iwwerleeën huet en dat och gemaach.

Als rekrutéierte Fräiwëllegen ass e fir d'Ausbildung an de Koloniaal Werfdepot op Harderwijk komm an den 28. August 1859 huet en d'Rees an Ostindien zesumme mat 136 aneren Zaldoten u Bord vum Seegelschëff Algor ugetrueden. D'Rees war voller Problemer, mä no 6 Méint si s'awer gutt op der Insel Java ukomm. Awer schonn an der éischter Woch gouf e schwéier krank an huet missen an e Militärspidol verluecht gi fir net ze stierwen a wou e 5 Méint bliwwen ass. En erlieft a senger Zäit op den ostindeschen Inselen eng ganz Rei geféierlech Abenteuer an nodeems en op senger drëtter Militärexpeditioun op enger entleeëner Insel gefaange geholl a bal ëmbruecht gouf, huet en decidéiert, no 6 Joer nees zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. Obwuel d'Arméi en net gär wollt goe loosse koum en no enger laanger Schëffsrees ouni Problemer zu Lëtzebuerg un.

En huet sech den 21. September 1867 mat der Suzanne Hoffmann vun Eech bestuet, eng Famill gegrënnt a seng Heemecht ni méi verlooss. Am Alter vu 87 Joer ass en am Hospice civil am Pafendall gestuerwen.

Seng Memoiren änneren

Eréischt 50 Joer no sengem Retour aus Ostindien huet e seng Erliefnesser a sengen Erinnerungen aus meiner Jugendzeit op 195 Säite schrëftlech festgehalen. Seng Memoirë si bis 2011 an der Famill bliwwen, déi se dunn dem Centre national de littérature iwwerlooss huet.

Déi Verantwortlech vum CNL hunn den aussergewéinleche Wäert vum Auguste Kohl sengem Wierk erkannt a sinn un e Fuerscherteam vun der Uni Lëtzebuerg erugetrueden, fir et wëssenschaftlech opschaffen ze loossen.

Literatur änneren

  • Thomas Kolnberger: August Kohl - Ein Luxemburger Söldner im Indonesien des 19. Jahrhunderts, 2015, Centre national de littérature, ISBN 978-2-919903-45-0
  • Gabrielle Seil: Einmal Ostindien und zurück, Revue vum 06. Januar 2016, S. 22-25
  • Marcel Kieffer: Ein Luxemburger Söldnerschicksal und eine literarische "Heldenreise", Die Warte vum 21. Januar 2016, S. 6-8
  • Thomas Kolnberger: Ein Luxemburger Phänomen - Am Beispiel von August Kohl, Luxemburger im Einsatz zur "Zivilisierung" der außereuropäischen Welt, Die Warte vum 4. Februar 2016, S. 4