En Attentat, vum laténgeschen attentatio Versuch, ass en Akt vu Gewalt deen dacks als Zil huet, enger héichgestallter Perséinlechkeet ze schueden oder se ëmzebréngen.

D'Attentat op den Abraham Lincoln, de 14. Abrëll 1865.

Wat en Attentat vun engem gewéinleche Mord oder probéierte Mord ënnerscheet, ass d'Motivatioun vum Täter. En Attentäter handelt aus enger reliéiser, politescher oder moralescher Iwwerzeegung eraus a mengt mat sengem Handelen ee Mëssstand kënnen z'änneren.

Methode fir en Attentat auszeféieren an e bësse Geschicht änneren

Attentater gëtt et zanter der Antiquitéit. Si goufen deemools mat Schwäerter an Dolchen ausgefouert a waren dacks politesch motivéiert.

Och Attentater mat Gëft gouf et deemools. Déi räich a wichteg Perséinlechkeete vun der Antiquitéit hu sech Sklaven als Virkäschter gehalen, well se Angscht haten, hiert Iesse kéint vergëft sinn.

Deemools huet en Attentäter meeschtens säi Liewe riskéiert, well en entweeder huet missen no bei säin Affer bäigoe fir et ëmzebréngen oder well et bei engem Mord mat Gëft dacks einfach erauszefanne war, wien de Schëllege war.

Dat huet sech mat der Entdeckung vum Schéisspolver geännert. Attentäter konnten dunn aus enger gewësser Distanz op hiert Affer schéissen.

Wärend Handfeierwaffen, wéi Pistoulen a Revolvere fir Attentater op kuerz bis mëttelwäit Distanze benotzt kënne sinn, ka mat Gewierer aus gréisseren Distanze geschoss ginn.

Zanter der Entwécklung vu Sprengstoffer, Enn vum 19. Joerhonnert, goufen och domat eng Rei Attentater ausgefouert.

Attentater waren an der Zäit vum Kale Krich heefeg an d'Geheimdéngschter hunn eng Villzuel vu Methoden entwéckelt fir Perséinlechkeeten déi eng aner Ideologie haten, ëmzebréngen.

An de leschte Jore gouf et ëmmer erëm Attentater mat Saier, déi seelen déidlech sinn, mä d'Affer entstellen a fir de Rescht vu sengem Liewen zeechnen.

Verschidden Attentater goufe vu Geheimdéngschter ausgefouert, an dann anere Leit oder Gruppen an d'Schong geschott, fir eng Ursaach ze hunn, fir Revancheakte géint déi duerchzeféieren.

Beispiller fir Attentater änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Attentat – Biller, Videoen oder Audiodateien