D'Marie-Paule Jungblut, gebuer[1] den 12. Oktober 1964 zu Fribourg an der Schwäiz, ass eng lëtzebuergesch Historikerin, Philologin a Spezialistin fir Museologie.

Marie-Paule Jungblut
Gebuer 12. Oktober 1964
Fribourg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Si huet Geschicht a Germanistik am Centre universitaire vu Lëtzebuerg an op der Universitéit Göttingen studéiert an dat Studium 1988 mat engem Magister Artium ofgeschloss. Duerno war si véier Méint laang Fuerschungsassistentin am europäeschen Institut fir Media zu Manchester. 1988/89 huet si (mam Denis Scuto a mam Pol Even) d'Ausstellung koordinéiert, déi um Lampertsbierg fir den 150. Anniversaire vun der lëtzebuergescher Onofhängegkeet organiséiert gouf. 1989/90 huet s'am Institut universitaire européen vu Florenz iwwer d'Evolutioun vum Nationalgefill gefuerscht.

No enger kuerzer Zäit als Enseignante am Lycée Robert-Schuman, ass d'Marie-Paule Jungblut 1992 Historikerin a Kuratorin am Déngscht vum Stater Geschichtsmusée (inkl. Villa Vauban) ginn. 2009 ass si do och 'Directrice adjointe' ginn. Tëscht 2004 an 2010 war d'M.-P. Jungblut Presidentin vum Internationale Comité vun de Muséeën an archeologeschen an historesche Sammlungen.

Si ass ufanks Februar 2012 zur Direktesch vum Historesche Musée vu Basel ernannt ginn[2] an huet hir nei Funktiounen den 1. August 2012 iwwerholl. Den 9. September 2015 huet si, wéinst "Differenzen" mat der Kulturdirektioun vun der Stad Basel, hire Récktrëtt bekanntginn.[3],[4]

Si ass d'Duechter vum Geriichtschroniker, Journalist, Auteur an Éditeur Tony Jungblut (1913-1975).

Wierk (Auswiel) änneren

  • Le Luxembourg et sa monnaie (mam Paul Margue); Lëtzebuerg, Institut monétaire luxembourgeois, 1990;
  • Eis Post (mam Paul Margue); Lëtzebuerg, 1992;
  • Das Grossherzogtum Luxemburg im Deutschen Bund (mam Paul Dostert); in: Das Leben in der Bundesfestung Luxemburg (1815-1867); Lëtzebuerg, Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, 1993; Ss. 9-20;
  • Arbeiterunterstützungs- und andere nützliche Vereine ; in: Das Leben in der Bundesfestung Luxemburg (vgl. supra), 1993; Ss. 377-389;
  • L'étrange histoire du décrochement du franc luxembourgeois ; in: Gilbert Trausch (Dir.), Belgique-Luxembourg - Les relations belgo-luxembourgeoises et la Banque générale du Luxembourg (1919-1994) ; Lëtzebuerg, erausgi vun der Generalbank, 1995; Ss. 139-159;
  • Sous le signe de la formation de l'État - Le Luxembourg et les institutions; in: Au seuil des Temps modernes? Luxembourg dans l'Europe de la fin du XVIe siècle; Lëtzebuerg, Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, 1997; Ss 13-50;
  • Nationalsozialistische Geschlechterpolitik in Luxemburg: Anspruch und Wirklichkeit ; in: "Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen..." - 1880-1950; Lëtzebuerg, Publications nationales du Ministère de la Culture, 1997; Ss. 309-318;
  • Der Neue Markt, ein Ort des Alltags in der Mitte des 17. Jahrhunderts ; in: Ons Stad, Nr.54 (Abrëll 1997), Lëtzebuerg; Ss. 6-9;
  • La politique monétaire du Luxembourg au XXe siècle: pragmatisme économique et patriotisme ; in: L'économie luxembourgeoise au 20e siècle ; STATEC, Lëtzebuerg, 1999, Ss. 503-505

Literatur änneren

  • Corina Mersch: Marie-Paule Jungblut, le charme de la contre-allée; in: Livres-Bücher, literaresch Beilag vum Tageblatt, 16. Juli 2004.
  • (Communiqué): Marie-Paul Jungblut - Von Luxemburg nach Basel ; in: Tageblatt, 3. Februar 2012.
  • (Communiqué): Marie-Paule Jungblut en Suisse ; in: Le Quotidien, 3. Februar 2012; S. 35.
  • Jean-Louis Scheffen: Marie-Paule Jungblut in Basel - Geschichte als Läckerli; in: Télécran 42 / 2013 (09/10/2013); Ss. 32-37 (ill.).

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 195
  2. wort.lu 2. Februar 2012 Archivéiert op 2012-02-24. Gekuckt de(n) 2012-02-02.
  3. Arbeitskonflikt, Massive Vorwürfe an die Leitung des Historischen Museums tageswoche.ch 18. Mee 2015
  4. Historisches Museum in Basel, Aus für Marie-Paule Jungblut wort.lu 11. September 2015