D'Ariane 3 ass den drëtte Modell aus der Serie vun den Ariane-Rakéiten.

Verglach vun de Modeller Ariane 1, Ariane 3 an Ariane 4.

Technik änneren

Den Opbau vun der Ariane 3 ass d'selwecht wéi dee vun der Ariane 2, bis op déi béid zousätzlech Feststoffboosteren, wat d'Startgewiicht op 237 t erhéicht. Fir déi vun de meeschten Ariane-3-Rakéite benotzt Startplaz ELA-1 net ze beschiedegen, goufen d'Boosteren eréischt nom Ofhiewen an 11 m Héicht gezünnt, well d'Startramp ELA-1 nëmme fir Rakéiten ouni Booster gebaut war.

D'Notzlaascht, déi d'Ariane 3 an eng geostationär Bunn brénge konnt, hat e Gewiicht vun 2700 kg, deemno 525 kg méi wéi d'Ariane 2.

Starten änneren

Et gouf eelef Starte vun der Ariane 3. Den éischte war erfollegräich de 4. August 1984 gemaach ginn, an dat nach virum éischte Start vun enger Ariane 2. Nëmmen de fënnefte Start vum 12. September 1985 war feelgeschloen.

Néng Ariane-3-Rakéite goufe vun der Startplaz ELA-1 an zwou Ariane 3 (souwéi eng Ariane 2) gestart. Vun enger méi héich gebauter Startplattform fir d'Ariane 4 op der Startplaz ELA-2 gouf eng Ariane 3 fir en Test virum éischten Asaz vun der Ariane 4 gestart.

All Starte goungen an d'geostationär Transferbunn. Mat Ausnam vum leschte Start, mam Experimentalsatellit Olympus, goufen ëmmer zwéi Satellitten zesumme gestart.

Déi kleng Zuel vu Starten ass duerch d'Opkomme vun der méi staarker a villsäiteger Ariane 4 am Joer 1988 bedéngt.

Komplett Lëscht vun de Starten änneren

Start­zeit­punkt (UTC) Ser.-Nr. Notzlaascht Startplaz Orbit¹ Bemierkung
4. August 1984 13:32 Auer V10 ECS-2, Télécom 1A
(Kommunikatiounssatellitte)
ELA 1 GTO Erfolleg
10. September 1984 1:14 Auer V11 Spacenet 2, MARECS B2
(Kommunikatiounssatellit a Kommunikatiounssatellit fir Schëffer)
ELA 1 GTO Erfolleg
8. Februar 1985 23:22 Auer V12 Arabsat 1A, Brasilsat A1
(Kommunikatiounssatellitte)
ELA 1 GTO Erfolleg
8. Mee 1985 1:15 Auer V13 GStar 1 Télécom 1B
(Kommunikatiounssatellitte)
ELA 1 GTO Erfolleg
12. September 1985 23:26 Auer V15 Spacenet 3, ECS 3
(Kommunikatiounssatellitte)
ELA 1 an den Atlantik gefall (geplangt: GTO) Feelstart
Versoe vun der drëtter Stuf
28. Mäerz 1986 23:30 Auer V17 GStar 2, Brasilsat A2
(Kommunikatiounssatellitte)
ELA 2 GTO Erfolleg,
Éischte Start vun ELA-2
16. September 1987 0:45 Auer V19 Aussat A3, ECS 4
(Kommunikatiounssatellitte)
ELA 1 GTO Erfolleg
11. Mäerz 1988 23:28 Auer V21 Spacenet 3R, Télécom 1C
(Kommunikatiounssatellitte)
ELA 1 GTO Erfolleg
21. Juni 1988 23:12 Auer V24 Insat 1C, ECS 5
(Kommunikatiounssatellitte)
ELA 1 GTO Erfolleg
8. September 1988 23:0 Auer V25 GStar 3, SBS 5
(Kommerziell Kommunikatiounssatellitte)
ELA 2 GTO Erfolleg
12. Juli 1989 0:14 Auer V32 Olympus
(Experimentelle Kommunikatiounssatellit)
ELA 1 GTO Erfolleg

¹ D'Notzlaaschte si sou verzeechent, wéi si iwwereneen oder (a rare Fäll) niefteneen an der Notzlaaschtverkleedung placéiert waren. Déi iewescht Notzlaascht fir d'éischt, dann déi drënner a.s.w.

² Net den Zilorbit vun der Notzlaascht, mä d'Bunn, op där d'Notzlaascht ausgesat gouf.

Literatur änneren

  • Martine Castello: La grande aventure d'Ariane. Larousse 1987, ISBN 2-03-518232-8
  • William Huon: Ariane, une épopée européenne. ETAI 2007, ISBN 978-2-7268-8709-7
  • Jean-Pierre Philippe: Ariane, horizon 2000. Taillandier, Paris 2000, ISBN 2-87636-045-4
  • Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3837095916

Um Spaweck änneren

Commons: Ariane – Biller, Videoen oder Audiodateien