Arabia Terra (arabescht Land) ass eng grouss, verkratert Héichlandregioun, nërdlech vum Equator vum Planéit Mars.

Héichland Arabia Terra
NASA-Kaart vum südlechen Deel vun Arabia Terra. Ënnen den 100 km grousse Krater Dawes. Um lénkse Bord vum Bild de Krater Schiaparelli.
Eegenschaften
Marsregioun Héichland Arabia Terra
Breet a Längt ♁25° 0′ N, 30° 0′ O
Dimensioun 6000 km
Alter ?
Entdecker
Genannt nom Laténgesch fir arabescht Land

Den Zentrum läit op 25° nërdlech Breet an 330° westlech Längt. D'Regioun huet eng Ausdeenung vu ronn 6.000 km.

Arabia Terra läit genee vis-à-vis vun der Tharsisregioun mat hire massive Schëldvulkaner. Méiglecherweis gouf Arabia Terra zur selwechter Zäit duerch bannenzeg Kräften eropgehuewen, wéi d'Tharsisregioun.

Déi ganz Regioun vun Arabia Terra ass mat Impaktkrateren iwwerséit. Déi gréisst wéi de Cassini, den Tikhonravov, an de Schiaparelli hunn en Duerchmiesser vu ronn 200 km.

Am September 2004 konnt d'Raumsond Mars Express Waasserdamp iwwer der Regioun noweisen. Méiglecherweis sinn ënner der sandeger Uewerfläch gréisser Masse vu Waasser a Form vun Äis.

Nërdlech vun Arabia Terra läit dat grousst Flaachland Vastitas Borealis.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie