Monument Antoine Diederich Esch-Uelzecht
D'Monument fir den Antoine Diederich ass e Monument, dat zu Esch-Uelzecht an der Antoine-Diederich-Strooss steet, fir un de Resistenzler Antoine Diederich z'erënneren.
Typ | Gedenkplack |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Plaz | Esch-Uelzecht |
Ageweit | 2002 |
Zu Éiere vun | Antoine Diederich |
Et ass e klenge Stäil mat enger Plack, wou drop steet:
- Antoine Diederich
- alias capitaine Baptiste
- (1923-1978)
- Maquisard luxembourgeois
- en France.
- Le 13 août 1944 il a joué
- un rôle déterminant dans la
- prise de la prison de Riom
- en Auvergne et à la libération
- de 114 patriotes-résistants
- y incarcérés.
D'Monument gouf 2002 ageweit[1], ee Joer nodeem d'Strooss no him genannt gi war[2].