D'Anne Kremer, gebuer de 17. Oktober 1975 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Tennisspillerin an Olympionickin.[1]

Anne Kremer
Nationalitéit: Lëtzebuerg
Gebuertsdag: 17. Oktober 1975
Gréisst: 165 cm
Gewiicht: 55 kg
1. Profisaison: 1998
Spillhand: Riets, beidhänneg Réckhand
Trainer: Henri Faberga
Eenzel
Titel: 2
Bescht Plaz: 18 (29.Juli 2002)
Dubbel
Bescht Plaz: 140 (6. Mee 2002)

Si spillt am beschten op haardem Belag. Hir bescht Plaz an der Weltranglëscht hat se den 29. Juli 2002 mat der Nummer 18 erreecht.

Si huet hir Karriär den 12. Oktober 2014 mat engem Dubbel beim WTA-Turnéier op der Kockelscheier ofgeschloss.[2]

Palmarès

änneren
Eenzel
Turnéier vum Grand Chelem (0)
Masters (0)
Turnéier Kategorie I (0)
Turnéier Kategorie Tier II (0)
Turnéier Kategorie III (0)
Turnéier Kategorie IV (2)

Titelen am Eenzel (2)

änneren
No. Datum Turnéier Fläch Géigner an der Finall Resultat
1. 20. Mee 2000 Auckland Neiséiland Haarde Belag Cara Black (Simbabwe) 6-4 6-4
2. 19. November 2000 Pattaya City, Thailand Haarde Belag Tatiana Panova (Russland) 6-1 6-4

Verluere Finallen am Eenzel (2)

änneren

Titelen am Dubbel (0)

änneren

Bis elo keen

Olympesch Spiller

änneren

Si huet Lëtzebuerg dräimol op den Olympesche Spiller vertrueden:

Ënner 64 Konkurrentinnen aus 34 Natiounen ass si an der éischter Ronn mat 5:7, 4:6 ausgescheet

Ënner 64 Konkurrentinnen aus 33 Natiounen huet si an der éischter Ronn an zwee Sätz géint d'Kroatin Iva Majoli gewonnen, an der zweeter Ronn awer an dräi Sätz géint d'Amanda Coetzer aus Südafrika verluer

  • Eenzel: ënner 32 Konkurrentinnen aus 32 Natiounen ass si an der éischter Ronn ausgescheet
  • Dubbel: ënner 32 Koppelen aus 21 Natiounen ass si an der éischter Ronn ausgescheet.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Anne Kremer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virdrun     Sportlerin vum Joer     Duerno
Marion Hammang 1993 Raymonde Moes
Nancy Arendt 1998 - 1999 Nancy Arendt

Referenzen

änneren
  1. D'Anne Kremer op der Websäit vu sports-reference.com
  2. D'Anne Kremer huet dem Profi-Tennis offiziell Äddi gesot op RTL.lu 13.10.2014, 08:14