Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Amel Cosic, och Ćosić, gebuer den 19. November 1989 zu Zavidovići, ass e lëtzebuergesch-bosnesche Politiker a fréiere Foussballspiller.[1]

Amel Cosic
Gebuer 19. November 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp FC Wolz 71,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Politesch Karriär änneren

Bei de Gemengewalen 2017 huet den Amel Cosic fir d'DP an der Gemeng Wolz kandidéiert, krut awer kee Sëtz am Gemengerot.[2] No der Demissioun vum Conseiller Guy Herbin ass hien am Dezember 2020 awer an de Gemengerot nogeréckelt. [3]

Bei de Gemengewalen 2023 krut hien déi meescht Stëmmen op der Lëscht vun der DP a gouf Schäffen an der neier CSV-DP-Koalitioun an der Gemeng Wolz. [4][5]

Bei de Chamberwalen 2023 war hie Kandidat fir d'DP am Bezierk Norden. [6]

Sportlech Karriär änneren

Hien huet tëscht 2006 an 2023 fir den FC Wolz 71, den FC Blue Boys Millebaach an den FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt gespillt. Den Amel Cosic huet de 4. Juni 2010 bei engem 0:0 géint d'Färöer Inselen säin eenzege Match fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt, wéi hien an der 77. Minut fir de Kim Kintziger agewiesselt gouf.[7]

Referenzen änneren

  1. https://www.transfermarkt.de/amel-cosic/profil/spieler/103703
  2. https://elections.public.lu/fr/elections-communales/2017/resultats/communes/wiltz.html
  3. https://www.wiltz.lu/de/news/detail-blog/neues-gemeinderatmitglied-vereidigung-von-h-amel-cosic
  4. https://elections.public.lu/fr/elections-communales/2023/resultats/communes/wiltz.html
  5. https://www.wiltz.lu/de/die-gemeinde/politisches-leben/der-schoffenrat-von-wiltz
  6. https://elections.public.lu/fr/elections-legislatives/2023/resultats/circonscriptions/nord.html
  7. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Amel Cosic op der Websäit vun European Football