Alphonse Funck

lëtzebuergesche Politiker

De Paul Joseph Alphonse Funck, gebuer den 9. Abrëll 1833 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 20. Abrëll 1876, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Alphonse Funck
Gebuer 9. Abrëll 1833
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Abrëll 1876
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Geschwëster Théophile Funck-Brentano

Hie gouf 1858 Affekot. Vun 1866 bis 1872 war hie Gemengeconseiller an der Stad Lëtzebuerg, déi dräi lescht Joer dovu Schäffen.

1867 huet hien zesumme mam Charles Simonis an dem Nicolas Martha e Rapport un de Groussherzog geschriwwen, an deem se op d'Ängscht vun de Stater Leit opmierksam gemaach hunn, wat wier, wann d'preisesch Arméi ofzéien an d'Festung geschleeft sollt ginn.

Hien huet sech och am Comité de secours aux blessés de la guerre de 1870-71 engagéiert a war Schoulinspekter.[1]

Den Alphonse Funck gouf den 22. Januar 1872 zum President vum Tribunal d'arrondissement vun Dikrech erannt.

Vum 26. Dezember 1874 bis zu sengem Doud war hie Generaldirekter (Minister) fir Justiz an der Regierung de Blochausen.

Den Alphonse Funck war de Brudder vum Théophile Funck a bestuet mat der Marie Jeanne Athalie Becker. D'Koppel hat 4 Kanner.[2]

Wierker änneren

  • Le moralisme, Esquisse philosophique. Librairie philosophique de Ladrange, Paräis, 1858.
  • Quelques observations au sujet de la revision du Code pénal dans le G.-D. de Luxembourg. Lëtzebuerg, Heintzé frères, 1863, 58 S.
  • Exercices d'usage de la langue française à l'usage des écoles primaires, Lëtzebuerg, Heintzé frères, 1871, 141 S.
  • Quelques pages sur la création du monde par Dieu., Lëtzebuerg, Heintzé frères, 47 S.

Gielercher änneren

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Biographie nationale, fasc.11,S.230-31
  2. Biographie nationale, fasc.11, S.233.