Den Nicolas Martha, gebuer de 7. November 1820 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen de 4. September 1898[2], war vun 1847 u Mathematiksprofesser am Stater Kolléisch.

Nicolas Martha
Gebuer 7. November 1820
Gestuerwen 4. September 1898
Aktivitéit Lycéesprofesser, Mathematiker

Hie war och un der Grënnung vun der Spuerkeess bedeelegt a gouf 1856 hiren éischten Direkter, eng Plaz déi e bis zu sengem Doud behalen huet.

Den Nicolas Martha war zesumme mam Dicks a Michel Lentz, 1849 ee vun de Matgrënner vum éischte Stater Turnveräin, der Gym, där hire President hie war.

Vun 1863 bis 1875 war hie Member vum Stater Gemengerot, déi 5 lescht Joer dovun als Schäffen.[1]

Hien huet verschidden Aarbechten iwwer Mathematik geschriwwen an e Rapport iwwer Gemengenaffäre vun der Stad Lëtzebuerg (1874-75).

Den Nicolas Martha war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[3]

Gielercher an Éierungen änneren

Fir un hien z'erënnere gouf zu Bouneweg eng Strooss no him benannt.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 (fr)Nécrologie. L'indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (5. September 1898). Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  2. (fr)Etat civil de la ville de Luxembourg - Décès. L'indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (10. September 1898). Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  3. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.