Wëssen (vun alhéidt wizzan, wat sech vun der indogermanescher Perfektform woida - "ech hu gesinn" an domat och "ech weess" ofleet) ass e Begrëff mat ville Bedeitungen, souwuel an der Alldagssprooch wéi an den déifgrënnegen Iwwerleeunge vun de Philosophen. Einfach ausgedréckt ass Wësse souwuel den Zoustand vun deem dee weess wéi och déi gewosste Saache selwer. Méi speziell handelt et sech ëm:

  • d'Kënnen an Erfarung déi eng Persoun duerch Educatioun oder Praxis kritt huet;
  • dat wat an engem bestëmmten Domaine oder ganz allgemeng bekannt ass (also Fakten oder Informatiounen); oder
  • d'Familiariséirung mat oder d'Bewosstsinn vun engem Fait oder enger Situatioun.

Et gëtt awer keng uniformiséiert Bestëmmung vum Wëssensbegrëff, mä eng sëllegen Theorien déi matenee konkurréiren. Nach am bekanntsten ass dem Platon seng onschaarf Definitioun "wouer a justifiéiert Meenung".

Gemenkerhand acceptéiert ass datt d'Acquisitioun vu Wësse komplexe kognitive Prozesser ënnerläit, déi ugi mat der Perceptioun an iwwer d'Léieren, d'Associatioun an d'Raisonnement bis zum Verstoe féieren. Deemno geet et net duer, fir vill Informatiounen unzesammlen, et muss een déi Informatiounen och interpretéiere fir se ze wëssen.

Um Spaweck änneren

Commons: Knowledge – Biller, Videoen oder Audiodateien