Allee um Katrewang
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Allee um Quatre-Vents)
D'Allee um Katrewang ass deen Deel vun der Nationalstrooss N12, dee sech vum Katrewang bei Kielen iwwer ronn 500 Meter erop a Richtung Koplescht zitt.
Allee um Katrewang | |
---|---|
D'Allee erof op de Rond-point um Katrewang gekuckt (Oktober 2011) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg, Allee |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Kielen |
Plaz | Katrewang |
Adress | Nationalstrooss 12 |
Koordinaten | 49°40'24,60"N, 6°2'55,50"O |
Bamaart | Platanen, Ahornen, Eschen |
Déi 117 Beem, haaptsächlech Platanen, gemëscht mat Ahornen an Eschen, gehéiere wéinst hirem impressionnanten Ubléck zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Ëm 2000 gouf fir den déckste Bam vun der Allee en Ëmfang, op Broschthéicht, vun 2,95 m bei enger Gréisst vu 26 m gemooss.
Kuckt och
änneren- Aner bemierkenswäert Alleeën zu Lëtzebuerg:
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Biller
änneren-
D'Allee erop gekuckt (Abrëll 2008).
-
Am Abrëll 2008
Quellen
änneren- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 220-221, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 145: Text; S. 147: Foto).
Um Spaweck
ännerenCommons: Allee um Katrewang – Biller, Videoen oder Audiodateien |