Den Alhena ass de Stär γ Geminorum (Gamma Geminorum), den drëtthellste Stär am Stärebild Gemini. Den Alhena huet eng visuell Magnitude vu +1,9 mag. an ass e wäisse Stär vun der Spektralklass A0. Hien huet eng absolut Hellegkeet vu -0,7 mag a läit op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. Den Alhena ass e Wäissen Zwergstär. Hien huet déi 160 fach Liichtkraaft vun eiser Sonn an eng Uewerflächentemperatur vun ongeféier 9.200 Kelvin. Säin Duerchmiesser huet awer nëmmen dat 4,9-facht vun eiser Äerd.

γ: Alhena am Stärebild Gemini

Den arabeschen Numm bedeit "d'Zeechen" (um Hals vum Kaméil). En aneren Numm ass: Almeisan (arab. "d'Liichten").

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie