D'Loft- a Raumfaarttechnik als Deel vun den Ingenieurwëssenschaften an der Verkéierstechnik befaasst sech mat der Entwécklung an dem Betrib resp. mat dem Ënnerhalt vu Fliger, Fluchkierper, Raumgefierter a Satellitten. Dës Systemer ginn ënner Bezuch vun den techneschen, wëssenschaftlechen an ökologeschen Aspekter weiderentwéckelt.

Dobäi gëtt eng méiglechst gënschteg Kombinatioun (Integratioun) vu Komponenten an Deelsystemer ugestrieft. Dës Integratioun erstreckt sech z. B. op

  • de strukturellen Opbau vun engem méiglechst liichten Fluchapparat
  • déi gënschtegst aerodynamesch Form
  • Dreifwierker an hir Ënnersystemer
  • Systemer fir Energieversuergung, Steierung, Dateniwwerdroung a Kommunikatioun
  • Ënnersystemer vun der Grondausrëschtung, déi Funktioun a Sécherheet garantéieren
  • d'Asaz- an d'Notzausrëschtung (ënnerschiddlech jee no Aart an Aufgab vum System)

Jee no Asazprofil kënne weider Ufuerderungen derbäikommen, z. B. an thermescher Hisiicht oder fir de Bedingunge vum Weltraum widerstoen ze kënnen.

Geschicht vun der Loft- a Raumfaarttechnik änneren

  Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen Aeronautik; Geschicht vun der Loftfaart a(n) Geschicht vun der Raumfaart

Entreprisen an Institutiounen am däitschsproochegem Raum änneren

Däitschland änneren

Éisträich änneren

Schwäiz änneren

Matièren änneren

Nieft de Grondlage vum klassesche Maschinnebau wéi Mathematik, Physik, Chimie, Elektrotechnik, Reegelungstechnik, Wierkstoffléier ë. a. gehéieren déi follgend Matièren zum Studium vun der Loft- a Raumfaarttechnik:

Donieft ginn nach vill weider Walflichtfächer verlaangt, z. B. och aus dem nettechnesche Beräich.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Matthias Blazek: „Vor 75 Jahren begann in Trauen die Forschung in der Luft- und Raumfahrttechnik – Raketenpionier Eugen Sänger arbeitete in der Heide an der Entwicklung schubstarker Antriebe“. Sachsenspiegel 31, Cellesche Zeitung vom 4. August 2012

Um Spaweck änneren