Victoria vum Vereenegte Kinnekräich
D'Victoria (mam ganzen Numm Alexandrina Victoria), gebuer de 24. Mee 1819 am Kensington Palace, zu London, a gestuerwen den 22. Januar 1901 am Osborne House, op der Isle of Wight, war vun 1837 bis 1901 Kinnigin vum Kinnekräich vu Groussbritannien an Irland a war ausserdeem zënter dem 1. Januar 1877 déi éischt brittesch Monarchin mam Titel Empress of India (Keeserin vun Indien). Si war d'Duechter vum Edward Augustus, Duke of Kent and Strathearn an der Victoire vu Sachsen-Coburg-Saalfeld.
Victoria vum Vereenegte Kinnekräich | |
---|---|
Gebuertsnumm | Princess Alexandrina Victoria of Kent |
Gebuer | 24. Mee 1819 |
Gestuerwen | 22. Januar 1901 |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Monarch |
Member vun | Royal Society |
Famill | |
Kanner | Edward VII. |
Als konstitutionell Monarchin war si pro forma Herrscherin iwwer méi wéi ee Fënneftel vun der Äerd an engem Drëttel vun der Weltbevëlkerung. Wärend hirer Regierungszäit hunn d'Upper Class an d'Middle Class a Groussbritannien en Opschwonk kannt, deen et sou bis ewell ni gi war, an de British Empire stoung um Héichpunkt vu senger Muecht. Si hat eng enk Bezéiung zu hirem Mann a Cousin, dem Prënz Albert an huet sech, do deem sengem Doud 1861, bal ganz aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn, a bis un d'Enn vun hirem Liewen Trauergezei gedroen.
Si huet 63 Joer 7 Méint regéiert, méi laang wéi all anere brittesche Monarch virun hir. Wéinst hire sëllege Kanner (9) a Kandskanner (44), déi an den Adelshaiser doruechter bestuet waren, gëtt si alt d'"Groussmamm vun Europa" genannt.
Wéinst hirer laanger Regence gouf d'Viktorianesch Ära no hir genannt.
Kanner
ännerenD'Victoria an den Albert haten néng Kanner:
- Victoria („Vicky“) (* 21. November 1840; † 5. August 1901), Princess Royal
- Albert Eduard („Bertie“) (* 9. November 1841; † 6. Mee 1910), Prince of Wales, als Eduard VII. Kinnek vu Groussbritannien an Irland a Keeser vun Indien
- Alice (* 25. Abrëll 1843; † 14. Dezember 1878)
- Alfred („Affie“) (* 6. August 1844; † 31. Juli 1900), Duke of Edinburgh a regéierenden Herzog vu Sachsen-Coburg-Gotha
- Helena („Lenchen“) (* 25. Mee 1846; † 6. Juni 1923)
- Louise (* 18. Mäerz 1848; † 3. Dezember 1939)
- Arthur William (* 1. Mee 1850; † 16. Januar 1942), Duke of Connaught and Strathearn
- Leopold George (* 7. Abrëll 1853; † 28. Mäerz 1884), Duke of Albany
- Beatrice (* 14. Abrëll 1857; † 16. Oktober 1944)
Literatur
änneren- Karl-Heinz Wocker: Königin Victoria. Die Geschichte eines Zeitalters. Heyne, München 1989, ISBN 3-453-55072-2.
- Stanley Weintraub: Queen Victoria. Benziger Verlag, Solothurn und Düsseldorf 1994, ISBN 3-545-34070-8.
- Herbert Tingsten: Königin Viktoria und ihre Zeit. Diederichs, München 1997, ISBN 3-424-01360-9.
- Jürgen Lotz: Victoria. Rowohlt Verlag, Reinbek 2000, ISBN 3-499-50627-0.
- Kurt Tetzeli von Rosador: Queen Victoria. Ein biographisches Lesebuch. Hrsg. Kurt Tetzeli v. Rosador & Arndt Mersmann. Deutscher Taschenbuch Verlag, München 2000, ISBN 3-423-12846-1.
- Carolly Erickson: Königin Victoria. Eine Biographie. Piper, München 2001, ISBN 3-492-23286-8.
- Karina Urbach: Queen Victoria. Eine Biografie. Verlag C. H. Beck, München 2011, ISBN 978-3-406-58788-7.
Um Spaweck
ännerenCommons: Victoria of the United Kingdom – Biller, Videoen oder Audiodateien |