Agent 212 ass eng belsch humoristesch Serie vu Bandes dessinéeën där hiren Haaptpersonnage de Polizist Arthur Delfouille ass, deen ze vill guttmiddeg ass an eng op déi aner fléie léisst. D'Zeechnunge vun der Serie si vum Daniel Kox an den Zenario vum Raoul Cauvin.

Statu vum Agent 212 op der belscher Plage zu Middelkerke

Den Agent 212 trëtt fir d'éischt 1975 am Journal de Spirou op. De Verlag Dupuis huet zënterhir 29 Albume vun där Serie op Franséisch an Hollännesch erausbruecht.

A verschidden Zeenen trëtt de Pierre Tombal op, deen Doudegriewer ass, an den Haaptpersonnage an enger anerer Bande dessinée ass, bei där de Raoul Cauvin Zeenarist ass.

Ausser dem Agent 212, sinn Haaptpersonnagen:

  • Den Albert, en anere Polizist, deen onfräiwëlleg bei dem Agent 212 senge Gaffen derbäi ass.
  • De Kommissär Raoul Lebrun deen als Virgesetzen ëmmer dem Agent 212 seng Gaffe muss mat ausbueden.

Albumen

änneren
Tome N° Franséischen Titel Hollänneschen Titel Joer
1 24 heures sur 24 Dag en nacht 1981
2 Au nom de la loi In naam der wet 1982
3 Sens interdit Verboden inrit 1983
4 Voie sans issue Plaatselijk verkeer 1984
5 Poulet aux amendes Er als de kippen bij 1985
6 Ronde de nuit De nachtwacht 1986
7 Un flic à l'ombre Agent door weer en wind 1987
8 Pas de panique Rustig maar 1987
9 Brigade mobile Op wieltjes 1988
10 Agent trouble Dubbel agent 1988
11 Sifflez dans le ballon ! Fluitje van een cent 1989
12 Riz, ô poulet Kip, koek en ei! 1990
13 Un flic flanche Boven de pet van de wet 1991
14 Sauté de poulet Nondejuut 1992
15 L'Appeau de l'ours Ongelikte beren! 1993
16 Flic… aïe ! Aaah...gent! 1994
17 Poulet sans selle Wit van kip 1995
18 Poulet rôti Gebraden kip 1996
19 Cuisses de poulet Commissariaat op stelten 1997
20 Chair de poule Kippenvel 1998
21 Ailes de poulet Vliegtuigkit 2000
22 Brigade des eaux Rivierpolitie 2001
23 Poulet en gelée Op glad ijs 2003
/ Best Of   2003
24 Agent de poche Agent in zakformaat 2004
25 L'Agent prend la pose Lach 'ns naar het vogeltje 2006
26 À l'eau police In woelige waters 2007
27 Fauve qui peut! Wilde achtervolging 2009
28 Effet monstre Monstereffect 2012
29 L'Agent tous risques Een neus voor gevaar 2016