De Raoul Cauvin, gebuer de 26. September 1938 zu Antoing an der Belsch, ass en Zeenarist fir Bande-dessinéeën. Hien ass ee vun de franko-belschen Zeenaristen dee mat am meeschte Wierker opweises huet.

Raoul Cauvin
Gebuer 26. September 1938
Antoing
Gestuerwen 19. August 2021
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Comicauteur, Dréibuchauteur

Liewen änneren

De Raoul Cauvin huet um Institut Saint-Luc zu Tournai eng Léier fir Lithographe gemaach, an duerno festgestallt datt dee Beruff praktesch net méi gebraucht gëtt. Hien huet duerno a verschiddene Beräicher geschafft, bis hien 1965 bei d'Éditions Dupuis koum, bei där hien am Ufank als Lettreur geschafft huet. Duerno gouf hie Kameramann am Departement Dessins animés, an et war an där Zäit, wéi hie seng Leidenschaft fir den Zenario entdeckt huet. De Patron vum Verlag de Charles Dupuis, gëtt him d'Geleeënheet mat de Mataarbechter vum Haus zesummenzeschaffen. Et waren dat deemools den Eddy Ryssach fir Arthur et Léopold, de Serge Gennaux fir L'Homme aux phylactères a, Loryfiand et Chifmol, an de Charles Degotte.

1969 lancéiert hien zesumme mam Louis Salvérius d'Serie Les tuniques bleues eng humoristesch Bande dessinée déi de Sezessiounskrich als Hannergrond huet. Nom Doud vum Salvérius 1972, gëtt de Lambil säi Mataarbechter fir déi Serie, déi déi zwéin dann op Bestsellerniveau eropschrauwen.

Duerch seng Renommée, déi stänneg méi grouss gëtt, gëtt hien ëmmer méi vu Comiczeechner als Zeenarist gefrot. Ëmmer méi Wierker bei deenen hien den Zenario geschriwwen huet, hunn e grousse Succès: Sammy a Lou (mam Berck); Câline et Calebasse, Boulouloum et Guiliguili a Les paparazzi (mam Mazel); Mirliton (mam Macherot); Le vieux bleu (mam François Walthéry); Les naufragés de l'espace (mam Guy Counhaye); Pauvre Lampil (mam Lambil); L'agent 212 (mam Daniel Kox); Godasse et Godaille (mam Jacques Sandron); Les grandes amours contrariées (mam Philippe Bercovici); Spirou et Fantasio (mam Nic); oder och nach Les toyottes (mam Louis-Michel Carpentier).

An den 1980er Jore mécht hie méi am Beräich vum schwaarzen Humor an an der Parodie, wéi zum Beispill Les Femmes en blanc (mam Philippe Bercovici), Pierre Tombal (mam Marc Hardy), Les voraces (mam Glem), oder och nach L'année de la bière an Du côté de chez Poje (mam Louis-Michel Carpentier)...

Am Nummer 4198 vum Periodique Spirou am September 2018 goufen dem Cauvin seng 80 Joer gefeiert[1].

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Cette semaine, dans le n°4198 du 26 septembre 2018: Bon anniversaire, Monsieur Cauvin ! (gekuckt de 15. Februar 2019)