Afepouken

viral Krankheet déi vum Afepoukevirus verursaacht gëtt
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Afepouken (och nach: Afepoukekrankheet) oder Mpox no der Terminologie déi d'Weltgesondheetsorganisatioun den 28. November 2022 proposéiert huet[1], ass eng viral Krankheet déi vum Afepoukevirus (offiziell monkeypox virus, MPV, vereelzt Orthopoxvirus simiae) verursaacht gëtt. Als natierleche Wiert (Reservoir) vum Virus ziele verschidde Knabberdéieren, falsch Reservoire sinn d'Afen, vun deenen de Virus den Numm huet.

D'Kränkt kann och op d'Mënschen iwwerdroe ginn (Zoonos) a léist bei deene gemenkerhand eng liicht poukenänlech Erkrankung mat Féiwer aus. Dokumentéiert sinn awer och méi schwéier Krankheetsverleef. Eng Poukenimpfung reduzéiert de Risiko vun engem Ausbroch vun der Krankheet am Fall wou ee mam Virus a Kontakt kéim.

D'Afepouke ginn an der internationaler statistescher Klassifikatioun vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) ënnert dem Code B-04 “Monkeypox” gefouert[2].

Symptomer änneren

 
Hautlesioune bei britteschen Afepoukepatienten, Mee 2022

An der Inkubatiounszäit (5 - 21 Deeg) gëtt et praktesch keng Symptomer. Duerno kritt ee Féiwer, dat dacks ganz séier eropgeet, grippenänlech Symptomer (Kappwéi, Arthralgien (Muskelpéng)), Schwëlle vun de Lymphkniet an déi typesch Pautschen op der Haut, déi sech vum Kapp aus no ënnen um Kierper ausbreeden.

Iwwerdroungsweeër änneren

D'Iwwerdroung vum Déier op de Mënsch kann iwwer de Kontakt mat Hautlesiounen a Kierperflëssegkeeten oder d'Manipulatioun vun infizéiertem Déierefleesch geschéien. Vu Mënsch op Mënsch geschitt d'Iwwerdroung iwwert grouss Drëpsen aus dem Mond (Tröpfcheninfektioun) bei enkem Kierperkontakt an héchstwarscheinlech och iwwer aner Kierperflëssegkeeten.

Ausbreedung änneren

 
Kaart vun der globaler Ausbreedung vum Afepoukevirus, Mee 2022 ██ Westafrikanesch Kladd, endeemesch██ Zentralafrikanesch Kladd, endeemesch██ béid Kladden██ Westafrikanesch Kladd, Ausbroch 2022

1970 gouf den éischte mënschleche Fall vun Afepouken am Kongo beschriwwen, wou e Puppelche vun néng Méint krank war. Zanterhier gouf et sporadesch ëmmer nees Fäll a West- an Zentralafrika. Bis 2022 waren der Weltgesondheetsorganisatioun Krankheetsfäll aus eelef afrikanesche Länner bekannt.

Am Mee 2022 koum et zu engem groussen Ausbroch vun Afepouke baussent den endeemesche Gebidder an Afrika an déi éischt Fäll goufen a Groussbritannien, Spuenien, Portugal, USA, Kanada, der Belsch, Schweden, Däitschland, Éisträich an der Schwäiz gemellt. Wat an dëse Fäll bemierkenswäert war, dat war datt déi krank Leit keng direkt Rees-Anamnes haten.

De 15. Juni 2022 ass och deen éischte Fall zu Lëtzebuerg festgestallt ginn.[3] Zanterdeem goufen, bis uganks September, am Ganze 55 Fäll gemellt, déi, bis op dräi, allgemeng liicht verlaf sinn. Zanterhier si keng nei Fäll bäikomm[4] (Stand:Nov. 2022)

Um Spaweck änneren

Commons: Afepouken – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. WHO recommends new name for monkeypox disease. www.who.int. www.who.int (28.11.2022). Gekuckt de(n) 28.11.2022.
  2. ICD-10 Version:2019. icd.who.int. Gekuckt de(n) 2022-05-24.
  3. "Éischte Fall vun Afepouken zu Lëtzebuerg confirméiert." rtl.lu, 16.06.2022.
  4. "Keng nei Fäll vun Afepouken. Risikopatiente kréien trotzdeem geroden, sech impfen ze loossen." rtl.lu, 04.11.2022.