Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ady Claude, gebuer den 8. Juni 1913, higeriicht vun den Nazien den 12. Februar 1942, war e Lëtzebuerger Scout a Resistenzler.

Ady Claude
Gebuer 8. Juni 1913
Gestuerwen 12. Februar 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler
Gedenksteen zu Köln-Klingepütz fir déi higeriicht Nazi-Affer

De Resistenzler änneren

Hien huet mat enger Parti Scouten eng passiv Resistenzgrupp ënner dem Numm LFK (Lëtzeburger Freihétskämpfer) gegrënnt. Am Februar 1941 huet hie mam Aloyse Raths Gespréicher gefouert mat dem Zil d'LFK an d'L.V.L. ze vereenen.[1]

Dozou koum et awer ni well am Februar 1942 ass hie verhaft ginn a koum an de Prisong op Köln. Hien ass den 12. Februar 1942 vun den Nazien zu Klingelpütz gekäppt ginn.

Déifferdeng huet eng Strooss nom Ady Claude benannt.

Literatur änneren

  • Schoux, Fernand: Den Ady Claude gouf vun Nazi-Barbaren zu Köln ermuert: viru 60 Joer / S.F.. - Am: Rappel: Organ vun der Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques. - Joer 57(2002), n° 2, S. 223-226
  • Deifferdéng: Erënnerungsfeier fir zwéin Nationalhelden (Ady Claude; Dom. Dondelinger), 11/02/1992, Luxemburger Wort
  • Am 12. Februar in Differdingen - Vor 50 Jahren wurde Ady Claude ermordet, 02/1992, Escher Tageblatt
  • Am heutigen 12. Februar - 50. Jahrestag der Hinrichtung von Ady Claude und Dom. Dondelinger, 12/02/1992, Lëtzebuerger Journal

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Hoffmann, Serge: La Résistance au Luxembourg pendant la seconde guerre mondiale. Le mouvement de Résistence LVL au Luxembourg (Letzeburger Vollekslegioun). Mamer 2004. S.21