Advanced Satellite for Cosmology and Astrophysics

Den Advanced Satellite for Cosmology and Astrophysics (ASCA), och bekannt ënner der Bezeechnung ASTRO-D oder Asuka war e japanesch-amerikanescht Weltraumteleskop fir Röntgenastronomie.

ASCA
De Röntgenteleskop-Satellit ASCA
Typ Röntgenteleskop
Land Japan/ USA
Agentur ISAS/NASA
Apogeum 615 km
Perigeum 524 km
Bunnschréi 31,1°
Mass 420 kg
Bunn-Ëmlafzäit 96,1 min
Start 20. Februar 1993, 02:20 UTC
Startplaz Kagoshima
Drorakéit M-3S-2-7
Status 2. Mäerz 2001 (vergloust)

ASCA war de véierte japanesche Röntgensatellit a gouf vum japaneschen Institut fir Raumfuerschung ISAS zesumme mat der NASA entwéckelt. ASCA gouf den 20. Februar 1993 vum Kagoshima Space Center mat enger M-3S-2-Rakéit an eng niddreg Äerdëmlafbunn mat 31,5 Grad Bunnschréi bruecht. De Satellit war bis de 14. Juli 2000 a Betrib, bis an engem geomagnéitesche Stuerm d'Lagreegelung ausgefall war. Den 2. Mäerz 2001 ass de Satellit an der Äerdatmosphär iwwer dem Westpazifik vergloust.

Den ASCA hat véier identesch Röntgenteleskope vum Wolter-Typ mat enger effektiver Totalfläch vun 1300 cm2 bei 1keV Energie a 600 cm2 bei 6-7 keV. Als éischte Röntgenobservatoire hat d'ASCA an zwéi vu senge véier Röntgenteleskopen CCD-Detektere mat deenen d'Energie vun de Röntgenphotone méi genee wéi mat fréieren Detektersystemer gemooss konnt ginn, benotzt. D'Röntgenspektren déi domat opgeholl goufen, hu virun allem zu engem bessere Versteesdemech vun aktive galaktesche Käre bäigedroen.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie