Abell 370
Den Abell 370 ass e Galaxiëkoup am Stärebild Cetus.
Den Abell 370 ass virun allem wéinst sengem Gravitatiounslënseneffet bekannt. Sou goufen an der zweeter Hallschent vun den 1980er Joren en ettlech gekrëmmt Objeten entdeckt an als gespigelt Galaxien interpretéiert, déi hanner dem Galaxiëkoup stinn. Ënner deenen Objeten ass och The Dragon, deemools A0 genannt.
2002 gouf och d'Galaxie HCM-6A vun enger Astronomenequipe vum Keck-Observatoire mat Hëllef vum Gravitatiounslënseneffet vum Abell 370 entdeckt. D'Galaxie war bei hirer Entdeckung deen Objet, dee bis dunn am wäitste vun der Äerd ewech, observéiert gouf.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Abell 370 – Biller, Videoen oder Audiodateien |