Den Abell 262 ass e Galaxiëkoup am Stärebild Andromeda, op der Grenz zum Stärebld Triangulum. Den Abell 262 huet iwwer 100 Galaxien a gehéiert zum Pisces-Perseus-Superkoup. Den Abell 262 läit ronn 200 Millioune Liichtjoer wäit ewech, ass relativ labber an huet verhältnesméisseg vill Spiralgalaxien. Am Zentrum ass déi elliptesch cD-Galaxie NGC 708; an d'Galaxien NGC 703 an NGC 705 souwéi d'Galaxiëkoppel NGC 704. Zu deene méi wäit baussenzege Memberen zielt déi grouss an hell elliptesch Galaxie NGC 759.

Abell 262
Zentralberäich vum Abell 262 an NGC 708 mat engem 32-Inch-Teleskop
Stärebild Andromeda (And)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 01h 52,8m
Deklinatioun + 36° 09'
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Pisces-Perseus-Superkoup
Distanz (Lj) ronn 200 Mio. Liichtjoer
Routverrécklung zirka 0,016
Radialvitess zirka 5000 km/s
Foto vum NGC 708 an NGC 705, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop

Memberen änneren

Déi follgend Tabell lëscht e puer Membere vum Koup op. Zu de Memberen ziele weider am New General Catalogue verzeechent Galaxien, sou och den NGC 700, den NGC 709 an den NGC 710.

Membere vum Abell 262 (Auswiel)
Numm α δ mV Wénkelgréisst Katalogbezeechnung
NGC 700 01h 52m 16,8s + 36° 02' 12" 14,6 0′,8 × 0′,7 PGC 6928, CGCG 522-3
NGC 703 01h 52m 39,6s + 36° 10' 20" 13,3 0′,9 × 0′,7 UGC 1346, PGC 6957, MCG +6-5-29, CGCG 522-37
NGC 704 01h 52m 37,7s + 36° 07' 37" 13,0 0′,6 × 0′,4 UGC 1343, PGC 6953, MCG +6-5-28, CGCG 522-34, V Zw 134
NGC 705 01h 52m 41,6s + 36° 08' 40" 13,7 1′,2 × 0′,3 UGC 1345, PGC 6958, MCG +6-5-30, CGCG 522-36, VI Zw 90
NGC 708 01h 52m 46,4s + 36° 09' 08" 11,9 3′,0 × 2′,5 UGC 1348, PGC 6962, MCG +6-5-31, CGCG 522-39
NGC 709 01h 52{{m} 50,6s + 36° 13' 23" 14,2 1′,0 × 0′,5 PGC 6969, CGCG 522-40
NGC 710 01h 52m 54,0s + 36° 03' 12" 13,5 1′,3 × 1′,2 UGC 1349, PGC 6972, MCG +6-5-33, CGCG 522-41, IRAS 01499+3548
NGC 759 01h 57m 50,3s + 36° 20' 35" 12,8 1′,4 × 1′,4 UGC 1440, PGC 7397, MCG +6-5-67, CGCG 522-87, IRAS 01548+3605

Déi véier Galaxien, déi am Zentralberäich vum Koup leien, goufen all am September 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt, den NGC 704 den 12. September, den NGC 703, 705 a 708 den 21. September. Den NGC 700 gouf den 12. Oktober 1855 vum William Parsons, an den NGC 709 den 18. November 1877 vum Johan Dreyer entdeckt. D'Galaxien NGC 710 an NGC 759 goufe béid vum Heinrich Louis d'Arrest entdeckt, déi éischt den 12. August 1863, déi zweet am Joer 1865.

Literatur änneren

  • Bertram et al.: "Molecular gas in the galaxy cluster Abell 262. CO observations of UGC 1347 and other galaxies of the cluster"; in: Astronomy and Astrophysics 448 (1), S. 29-42 (2006)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren