Den Abell 1689 ass e Galaxiëkoup, dee ronn 2,2 Milliarde Liichtjoer (670 Mpc) wäit vun eiser Äerd ewech am Stärebild Virgo läit. Et ass dee massiivsten Objet am Universum dee bis elo bekannt ass.

De Galaxiëkoup Abell 1689

Bei Observatioune vum Galaxiëkoupzentrum déi d'Astronome mam Weltraumteleskop Hubble gemaach hunn, goufe ronn 10.000 Kugelstärekéip entdeckt. Op Basis vun där Zuel schätzen d'Astronomen, datt et an deem Koup an engem Beräich vu 2,4 Millioune Liichtjoer méi wéi 160.000 Kugelstärekéip ka ginn. Dat wier dann déi bis elo gréisst observéiert Populatioun.

D'Hubble-Observatioune weisen, datt sech déi meescht vun dësen Objeten an der Géigend vum Koupzentrum gebilt hunn, also do, wou och de gréissten Deel vun donkler Matière soll sinn. Jee méi ee sech dann distanzéiert, ëmsou manner Kugelstärekéip kënnen entdeckt ginn.[1]

Den Abell 1689 gëtt wéinst senger grousser Gravitatiounswierkung vu Fuerscher als Gravitatiounslëns benotzt an hat sou d'Entdeckung vun der A1689-zD1, enger iwwer 13 Milliarde Joer aler Galaxie (z ≈ 7,6) erméiglecht. Déi visuell Mass vun Abell 1689 mécht allerdéngs nëmmen ee Prozent vun der observéierter Gravitatiounswierkung aus, wouduerch déi am Ament villdiskutéiert Froen iwwer d'donkel Matière weidere Stoff kréien.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.astronews.com/news/artikel/2013/09/1309-021.shtml